From Wikipedia, the free encyclopedia
De Board of Industrial Development ass e Comité deen 1959 zu Lëtzebuerg gegrënnt ginn ass, fir am Ausland Reklamm fir d'Implantatioun vu friemen Entreprisen ze maachen. Hir Prospectiounsreesen hunn an den USA ugefaangen. Tëscht 1962 an 1964 sinn doropp hin ongeféier 20 nei Industrien no Lëtzebuerg komm, méi oder wéineger alleguer aus den USA. Un der Spëtzt DuPont de Nemours. Dës Entreprise ass mat enger Belegschaft vun 1240 Persounen déi véierzéngt Entreprise wat d'Beschäftegung ugeet. Goodyear hat sech scho virdrun, am Joer 1951 zu Colmer-Bierg etabléiert a figuréiert haut mat enger Belegschaft vun 3.590 Persounen als drëttwichtegsten Employeur am Land.
Dësen Ekonomiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
An der Tëschenzäit gouf aus dem Board of Industrial Development de Board of Economic Development (Comité de développement économique). Seng Aktivitéite si virugaangen a stoungen traditiounsgeméiss ënner dem Éierevirsëtz vum Grand-Duc Henri.
Ufank 2001 huet den Ierfgroussherzog Guillaume d'Nofolleg vu sengem Papp als Éierepresident iwwerholl.
Zanter 2008 figuréiert dee Comité ënner der Bezeechung Luxembourg for Business an ënnersteet dem Wirtschaftsministère. Am Regierungsprogramm Bettel-Schneider ass d'Fusioun vu Luxembourg for Business mat Luxembourg for Finance virgesinn.[1]
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.