Brauch
From Wikipedia, the free encyclopedia
Brauch (v. alhéichdt. bruh = Notzen), och Usus (v. lat. uti = gebrauchen) ass eng festgeluecht Gewunnecht, déi an enger Communautéit gewuess ass an iwwer Generatioune weidergefouert gëtt (= Traditioun).
E Brauch ass dacks e Phenomeen, dat Liewenserfarungen, déi en Ofschnëtt duerstellen, begleet, ënnersträicht an ervirstellt, sou virun allem a Relatioun mat:
- biologeschen Erfarungen an Entwécklungen, wéi Gebuert, Sexualitéit, Doud;
- gesellschaftlechen, wéi Jubiläen, Fester, Feieren resp.
- transzendenten (an deem Fall schwätzt ee vu Kultus).
Iwwerganks-Rite bei der Menarch, Gebuert an Doud, dem Maans-Ginn an der Hochzäit hunn hiert eegent, traditionellt Brauchtum. Och am Laf vum Joer gëtt et eng jett festgeluecht Bräich, déi mat chrëschtleche Fester zeummenhänken, dacks awer méi al Wuerzelen hunn, wéi z. B. am Kader vun Advent, Chrëschtdag, Silvester, Dräikinneksdag, iwwer Fuesent an Ouschtere bis zum Karschnatz, Niklosdag asw.
Bräich solle Sënn, Identitéit an Integratioun vermëttelen, an droen dozou bäi, eng Communautéit z'eenen an zesummenzehalen. Bräich gëtt et op nationalem Niveau (Nationalhymn spillen, virum Fändel vernäipen) iwwer regionalem bis hin zu Sport- a Musekveräiner, Zënft, a Studenten- Kanner oder Jugendgruppen a -cliquen.