Chrëschtentum
monotheistesch Relioun / From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Chrëschtentum ass eng Weltrelioun déi virun ongeféier 2000 Joer am réimesch besatene Palestina entstanen ass, an aus dem deemools do presente Juddentum ervirgaangen ass. Seng Unhänger beruffe sech op de Jesus vun Nazaret, deen ëm d'Joer 30 als Wanderpriedeger am deemolege Palestina opgetrueden ass a sech selwer zum jiddesche Glawe bekannt huet, an dee kengesfalls virhat eng aner Relioun ze grënnen, wat sech dunn awer spéider anescht eraus kristalliséiere sollt. Sou kënnt et datt d'Chrëschtentum eng monotheistesch a gestëft Relioun ass.
Dësen Artikel iwwer de Chrëschtentum ass eréischt just eng Skizz Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Begrëff Chrëschtentum (aus dem griicheschen Χριστιανισμός, Christianismós) gëtt eng éischt Kéier an engem Bréif vum syresche Bëschof Ignatius vun Antiochien († zirka 107-110) ernimmt. Et kënnt dohier datt d'Unhänger vum Chrëschtentum Chrëschte genannt goufen, a sech spéider och selwer sou genannt hunn, well si am Jesus dee vum Juddentum erwaarte Messias (op Griichesch christos - de Gesaleften) an de Jong vu Gott gesinn hunn.
Haut ziele mir ongeféier 2,2 Milliarde Chrëschten op der Welt. Am Joer 2011 war d'Halschent dovu kathoulesch, 37 % protestantesch an 12 % waren orthodoxesch Chrëschten. Se sinn op ongeféier 33 000 verschidde Konfessioune verdeelt[1].