Bretzelsonndeg (oder Bratzelsonndeg oder Bretzelssonndeg) gëtt zu Lëtzebuerg och alt de Sonndeg vun Halleffaaschtesonndeg genannt, op deem traditionell Bretzele verschenkt ginn.
Dëse Brauch besteet doran, datt e Jong engem Meedchen, op dat hien en A geworf huet, eng Bretzel schenkt. Bei géigesäitegem Intressi revanchéiert d'Meedche sech Ouschtere mat engem Ouschteree. Wann e Schaltjoer ass, ass et ëmgedréint.
Bis an d'Mëtt vum 20. Joerhonnert war de Brauch virun allem an den Dierfer laanscht d'Musel an d'Sauer verbreet, haut gëtt et iwwerall am Land Bretzelen ze kafen.
Fréier gouf et soss am Land och nach de Brauch, datt eng Koppel, déi sech am Laf vum Joer virdru bestuet hat, all deenen, déi bei der Hochzäitsfeier e Stéck vun der Braut hirem Strompband erwëscht haten, op dësem Dag Bretzelen (déi Faaschteboune genannt goufen) huet misse schenken.
- Edmond de la Fontaine: Luxemburger Sitten und Bräuche. Luxemburg: Jos. Beffort, 1883. 5. Neioplo Éditions Emile Borschette 1995, S. 39-40.
Wikiwand in your browser!
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.