Sauer

Niewefloss vun der Musel From Wikipedia, the free encyclopedia

Sauer
Remove ads

D'Sauer ass e Floss an der Belsch, zu Lëtzebuerg an an Däitschland, et ass e lénksen Niewefloss vun der Musel.

Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Floss Sauer. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Sauer (Homonymie).
op ee Bléck An anere Sproochen, Längt ...
Thumb
Weier direkt ënnerzeg vun der Quell.
Remove ads

Geographie

Si entspréngt beim Haff Planchipont[1] an der Sektioun Vaux-lez-Rosières vun der Gemeng Vaux-sur-Sûre, am Südoste vun der Belsch.

Vu Roumecht un op enger 4 km no Norden mécht si d'Grenz tëscht Lëtzebuerg an der Belsch, ier se da queesch duerch d'Éislek leeft. Zu Esch-Sauer gëtt si zu engem Stauséi gestaut. Dësen ass den Zentrum vum Naturpark Uewersauer, an am Summer eng beléifte Vakanzeplaz. An éischter Linn ass en awer virun allem en Drénkwaasserreservoir. Zu Wallenduerfer Bréck geet d'Sauer da Richtung Süde bis op Waasserbëlleg a mécht op där Streck, als Kondominium, d'Grenz tëscht Lëtzebuerg an Däitschland.

Zu Waasserbëlleg op der "Spatz", deem déifste Punkt vum Land, fléisst d'Sauer an d'Musel.

D'Sauer ass 206 km laang, dovu sinn 136 km op Lëtzebuerger Territoire. Se zielt zu de primäre Waasserleef vu Lëtzebuerg déi en Anzuchsgebitt vun iwwer 70 km² hunn[2].

Remove ads

Uertschaften op der Sauer

Belsch

Lëtzebuerg

Däitschland

Remove ads

Et lafen an d'Sauer (dem Waasserlaf no)

An der Belsch

  • Ruisseau du Wé (riets)
  • Ruisseau du Bultai (riets)
  • Ruisseau du Grand-Pré (lénks)
  • Ruisseau de la Fagne de Lescheret (riets)
  • Geronne (riets)
  • Moyémont (riets)
  • Chiehet (riets)
  • Ruisseau de Lipré (lénks)
  • Strange lénks
  • Ruisseau de Geronval (riets)
  • Ruisseau de Savipré (lénks)
  • Ruisseau de Tranquebois (riets)
  • Wissbich (riets)
  • Kleppelbaach (riets)
  • Molscht (lénks)

Zu Lëtzebuerg

An Däitschland

Biller

Remove ads

Kuckt och

Um Spaweck

 Commons: Sauer – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

  1. (en) WalOnMap. geoportail.wallonie.be. Gekuckt de 27.06.2021.
  2. www.geoportail.lu, déi offiziell Plattform fir geographesch Donnéeën a Servicer vun der Administration du cadastre et de la topographie
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads