Catenaire
From Wikipedia, the free encyclopedia
Eng Catenaire oder Uewerleitung ass eng elektresch Leitungsinstallatioun, déi bei der Eisebunn, beim Tram a bei Trolleybussen oder anere Gefierer [1] dofir suergt, datt déi elektresch bedriwwe Gefierer dauernd mat Stroum kënne beliwwert ginn. Si besteet aus engem Ensembel vun Drodréit aus Bronze oder Stol-Aluminiumsdréit, an aus den elektresche Spezialdréit déi aus Koffer[2] hiergestallt sinn. Déi Dréit hänken iwwer der Fuerspuer, a gi vu Pottoe gedroen. An Ausnamefäll kënnen d'elektresch Dréit mat elektresche Schinnen ersat ginn, wéi z. B. am Gemmenicher Tunnel.
Uewen um Gefier ass e Pantograph dee widder der Catenaire schläift an doduerch déi néideg elektresch Energie op d'Steier- an Undriffselementer weiderleet.