From Wikipedia, the free encyclopedia
De Centre national d'incendie et de secours (gekierzt: CNIS) ass den nationale Rettungszenter fir de Corps grand-ducal d'incendie et de secours. Den Zenter läit zu Gaasperech um Boulevard de Kockelscheuer, beim Rond-point Gluck.
De westleche Block vum CNIS am Juli 2021 | |
Land | Lëtzebuerg |
---|---|
Gemeng | Lëtzebuerg |
Plaz | Gaasperech |
Adress |
3, boulevard de Kockelscheuer L-1821 Lëtzebuerg |
Koordinaten | 49°35'4,40"N, 6°7'54,06"O |
Architekt(en) | Böge Lindner K2 Architekten |
Statut | Rettungszentrum |
Den CNIS ass d'Häerzstéck vun der Reform vum nationale Rettungswiesen[1]. E besteet aus zwéin Deeler: een Deel (Zon 1) mat der Kasär fir d'fräiwëlleg an d'Beruffspompjeeë vun der Stad Lëtzebuerg, fir d'Verwaltung vun de Rettungsdéngschter, d'Noutruffzentral 112 a fir den Institut national de formation des services de secours. Am zweeten Deel sinn déi technesch Installatiounen an déi fir déi sportlech a praktesch Ausbildung fir d'Pompjeeë. Dorënner sinn eng Tunnelsimulatiounsanlag, en Ambulanzsimulator, en Übungsweier, en Dirty Classroom, eng Hal mat enger Otemschutz-Übungsstreck, e Brandhaus an e Realbrandcontainer[2]. Ausserdeem huet d'Gebai e 35 Meter héije Schlauchtuerm.
Den Immeubel besteet aus der Kasär an de Garage vun de Beruffspompjeeën op enger Fläch vun 11.340 m². D'Verwaltungsgebaier sinn op 2.600 m² an alles wat mat der Ausbildung ze dinn huet op 3.800 m² ënnerbruecht.
Den Architekteconcours fir den Zenter ze bauen ass am Juni 2014 ausgeschriwwe ginn; de Büro Böge Lindner K2 Architekten krut den Zouschlag[2]. De Projet de loi fir de Bau an d'Finanzéierung vum CNIS gouf de 24. Mäerz 2015 deposéiert. Op den Dag genee zwee Joer méi spéit, de 24. Mäerz 2017, gouf de Grondstee fir den Zenter geluecht. De Bau hätt sollen Enn 2020 fäerdeg sinn; déi éischt Servicer sinn awer eréischt den 1. Juli 2021 erageplënnert[3]. Den 12. September 2021 sinn Rettungsdéngschter vum Stater CIS aus der Kasär op der Areler Strooss op Gaasperech geplënnert an zwéi Méint duerno ass och d'Noutruffzentral 112 do ageweit ginn[4][5].
De 5. Mee 2022 gouf dat ganzt Gebai dann, a Presenz vu 400 Eieregäscht ageweit. Den Architekteconcours fir den Zenter ze bauen ass am Juni 2014 ausgeschriwwe ginn; de Büro Böge Lindner K2 Architekten krut den Zouschlag[2]. De Projet de loi fir de Bau an d'Finanzéierung vum CNIS gouf de 24. Mäerz 2015 deposéiert. Op den Dag genee zwee Joer méi spéit, de 24. Mäerz 2017, gouf de Grondstee fir den Zenter geluecht. De Bau hätt sollen Enn 2020 fäerdeg sinn; déi éischt Servicer sinn awer eréischt den 1. Juli 2021 erageplënnert[3]. Den 12. September 2021 sinn Rettungsdéngschter vum Stater CIS aus der Kasär op der Areler Strooss op Gaasperech geplënnert an zwéi Méint duerno ass och d'Noutruffzentral 112 do ageweit ginn[4][5] De 5. Mee 2022 gouf dat ganzt Gebai dann, a Presenz vu 400 Eieregäscht, vum Groussherzog an der Inneministesch Taina Bofferding ageweit.[6]
De Käschtepunkt gouf op eppes méi wéi 140 Milliounen Euro geschat: 121 Milliounen Euro fir d'Zon 1, déi vun der Stater Gemeng virfinanzéiert an duerno vum Staat zu 45 % zeréckbezuelt ginn an 19,4 Milliounen Euro fir d'Zon 2, déi integral vum Staat bezuelt gëtt.
Commons: Centre national d'incendie et de secours – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.