2020

Joer From Wikipedia, the free encyclopedia

2020
Remove ads

Dës Säit befaasst sech mam Joer 2020.

Thumb
De SARS-CoV-2 verursaacht eng Pandemie mat weltwäit schwéiere Repercussiounen op Gesondheet, Gesellschaft an Ekonomie.

D'Joer 2020 huet op engem Mëttwoch ungefaangen. Et war e Schaltjoer.

Evenementer

Europa

Lëtzebuerg

  • 29. Februar: Den ëffentlechen Transport gëtt am ganze Land gratis fir d'Passagéier (ausser 1. Klass an international Zich).
  • 29. Februar: Déi éischt Persoun am Land gëtt positiv op de SARS-CoV-2 Virus getest.
  • 16. Mäerz: Fir der COVID-19-Pandemie entgéint ze wierken, bleiwen op Uerder vun der Regierung Schoulen, Crèchen, Restauranten, Caféen, Concerts- an Theatersäll, Kinoen, Sportplazen an all Geschäfter, ausser Liewensmëttel-, Zeitungs- a Brëllebutteker an Apdikten, zou. D'Leit solle sech sou wäit et geet vun aneren ewechhalen. Dës Restriktioune gi vu Mee u phaseweis nees opgehuewen, fir dann awer vun Enn November un nees unzezéien, well d'Zuel vun den Neiinfektioune vu September un nees an d'Luucht gaange ass.
  • 18. Mäerz: D'Regierung rifft den État de crise aus (Art. 32(4) vun der Verfassung), deen den 21. Mäerz vun der Chamber mat engem Gesetz op dräi Méint verlängert gëtt.
  • 13. Dezember: D'Verlängerung vun der Tramslinn T1 vun der Stäreplaz op d'Gare gëtt a Betrib geholl.
  • 28. Dezember: Ufank vun der Impfcampagne géint de SARS-CoV-2-Virus.

Afrika

Amerika

Nordamerika

Südamerika

  • 08. November: De Luis Arce gëtt als neie President vu Bolivien vereedegt.
  • 10. November: De Manuel Merino gëtt vum Parlament zum neie President vum Peru gewielt; no Protester gëtt hien de 17. November vum Francisco Sagasti ofgeléist.

Asien

Arabesch Welt an Noen Osten

  • 11. Januar: Den Haitham ibn Tariq, gëtt, non Doud vum Qabus ibn Said, neie Sultan vum Oman.
  • 4. August: Bei der Explosioun vun 2750 Tonnen Ammoniumnitrat am Hafe vu Beirut kommen iwwer 130 Mënschen ëm d'Liewen an iwwer 5.000 ginn der blesséiert.
  • 29. September: Den Nawaf al-Ahmad al-Jabir al-Sabah gëtt nom Doud vu sengem Hallefbrudder Sabah al-Ahmad al-Jabir al-Sabah Emir vum Kuwait.
  • 11. Oktober: Den Emomali Rahmon gëtt op en Neits zum President vun Tadjikistan gewielt.

Australien an Ozeanien

Remove ads

Konscht a Kultur

Molerei

Literatur

Musek

Kino

Ekonomie

  • 20. Abrëll: Wéinst der niddereger Nofro, bedéngt duerch d'COVID-19-Pandemie, gëtt fir d'éischt Kéier iwwerhaapt de Präis vum Barrel Pëtrol negativ gehandelt: fir kuerz Zäit gouf e fir -38 USD verkaaft.

Wëssenschaft an Technik

Raumfaart

Coronavirus

  • 21. Dezember: Nodeems d'Europäesch Agence fir Medikamenter (EMA) gréng Luucht ginn huet, erlaabt d'Europäesch Kommissioun, ënner Konditiounen, den EU-wäite Gebrauch vum éischte Vaccin géint de COVID-19-Virus, dee vu BioNTech-Pfizer. De Vacccin gouf zesumme kaaft a gëtt, proportional zu der Bevëlkerungszuel, un all Memberlänner (plus déi vum Europäesche Wirtschaftsraum) verdeelt. Vum 27. Dezember u ginn an de Memberlänner Impfunge gemaach. D'Logistik an d'Prioritiséierung no Vulnerabilitéit gëtt op nationalem Plang organiséiert. 2021 gi weider Impfstoffer zougelooss, an d'Zuel vun de Geimpfte bannent der Bevëlkerung wiisst.

Wëssenschaftspräisser

Nobelpräis

Turing Award

  • Alfred V. Aho und Jeffrey Ullman fir fundamental Algorithmen an Theorien, déi Basis bilde fir d'Implementiere vu Programméiersproochen, a fir d'Synthees dovun an och vun anere Resultater an hire Bicher mat deene Generatiounen vun Informatiker ausgebilt goufen.
Remove ads

Sport

Wéinst der COVID-19 Pandemie si vill sportlech Evenementer, Championnater oder Turnéiere verréckelt ginn oder ganz ausgefall.

Foussball

  • 05. September: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gewënnt am Olympiastadion zu Baku an an engem Qualifikatiounsmatch fir d'UEFA Nations League 2:1 géint Azerbaidjan.[7]
  • 08. September: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert am am Stade Josy-Barthel an der Stad an engem Qualifikatiounsmatch fir d'UEFA Nations League 0:1 géint Montenegro.[8]
  • 07. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert am Stade Josy-Barthel an der Stad an engem Frëndschaftsmatch 1:2 géin Liechtenstein.[9]
  • 10. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gewënnt am Stade Josy-Barthel an der Stad an an engem Qualifikatiounsmatch fir d'UEFA Nations League 2:0 géint Zypern.[10]
  • 13. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert am Gradski Stadion zu Podgorica an engem Qualifikatiounsmatch fir d'UEFA Nations League 1:2 géint Montenegro.[11]
  • 11. November: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert am Stade Josy-Barthel an der Stad an engem Frëndschaftsmatch 0:3 géint Éisträich.[12]
  • 14. November: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gewënnt am GSP Stadion zu Nikosia an an engem Qualifikatiounsmatch fir d'UEFA Nations League 1:2 géint Zypern.[13]
  • 17. November: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp an déi aserbaidjanesch spillen am Stade Josy-Barthel an der Stad an an engem Qualifikatiounsmatch fir d'UEFA Nations League 0:0 gläich.[14]
Remove ads

Gebuer

Gestuerwen

Thumb
Eugène Berger
Thumb
Kirk Douglas
Thumb
Jean-Pierre Junius
Thumb
Javier Pérez de Cuéllar
Thumb
Tonie Marshall
Thumb
Albert Uderzo
Thumb
Little Richard
Thumb
Michel Piccoli
Thumb
Jay Schiltz
Thumb
Ennio Mordicone
Thumb
Olivia de Havilland
Thumb
Chadwick Boseman
Thumb
Annie Cordy
Thumb
Diana Rigg
Thumb
Juliette Greco
Thumb
Sean Connery
Thumb
Diego Maradona
Thumb
Valéry Giscard d'Estaing
Thumb
Pamela Tiffin
Thumb
John Le Carré
Thumb
Claude Brasseur
Remove ads

Um Spaweck

 Commons: 2020 – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

  1. The Nobel Prize in Physiology or Medicine 2020. In: nobelprize.org, 5. Oktober 2020.
  2. The Nobel Prize in Physics 2020. In: nobelprize.org, 6. Oktober 2020.
  3. The Nobel Prize in Chemistry 2020. In: nobelprize.org, 7. Oktober 2020.
  4. The Nobel Prize in Literature 2020. In: nobelprize.org, 8. Oktober 2020.
  5. The Nobel Peace Prize 2020. In: nobelprize.org, 9. Oktober 2020.
  6. (en) Azerbaijan vs Luxembourg, 5 September 2020. eu-football.info. Gekuckt den 08.09.2021.
  7. (en) Luxembourg vs Montenegro, 8 September 2020. eu-football.info. Gekuckt den 08.09.2021.
  8. (en) Luxembourg vs Liechtenstein, 7 October 2020. eu-football.info. Gekuckt den 08.09.2021.
  9. (en) Luxembourg vs Cyprus, 10 October 2020. eu-football.info. Gekuckt den 08.09.2021.
  10. (en) Montenegro vs Luxembourg, 13 October 2020. eu-football.info. Gekuckt den 08.09.2021.
  11. (en) Luxembourg vs Austria, 11 November 2020. eu-football.info. Gekuckt den 08.09.2021.
  12. (en) Cyprus vs Luxembourg, 14 November 2020. eu-football.info. Gekuckt den 08.09.2021.
  13. (en) Luxembourg vs Azerbaijan, 17 November 2020. eu-football.info. Gekuckt den 08.09.2021.
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads