Chuck Berry
US-amerikanesche Gittarist, Sänger a Komponist / From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Charles Edward Anderson ("Chuck") Berry, gebuer den 18. Oktober 1926 zu St. Louis, Missouri a gestuerwen den 18. Mäerz 2017 zu Saint Charles, Missouri[1], war en US-amerikanesche Gittarist, Sänger a Komponist.
Séier Fakten Gebuertsnumm, Gebuer ...
Chuck Berry | |
---|---|
Gebuertsnumm | Charles Edward Anderson Berry |
Gebuer |
18. Oktober 1926 St. Louis |
Gestuerwen | 18. Mäerz 2017 |
Doudesursaach | Häerzschlag |
Nationalitéit | USA |
Educatioun | Sumner High School |
Aktivitéit | Gittarist, Liddermécher, Sänger, Komponist, Gastronom, Discographesche Kënschtler |
Zoumaachen
Säi Stéck "Maybellene" (1955) ass ee vun den éischte Rock-'n-Roll-Lidder. Iwwer 30 vu senge Stécker koumen an d'Top-10 a vill dovu goufe vun Dosende vu Bands a Sänger gecovert, dorënnder d'Beatles, d'Rolling Stones an den Elvis Presley.
Am bekanntsten däerft Johnny B. Goode sinn; och Rock and Roll Music, Sweet Little Sixteen, Roll Over Beethoven oder School Days hate vill Succès.