![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/a/ad/Geometric_oinochoe_Louvre_CA1821.jpg/640px-Geometric_oinochoe_Louvre_CA1821.jpg&w=640&q=50)
Däischter Zäitalteren
From Wikipedia, the free encyclopedia
An der moderner Historiographie sinn d'Däischter Zäitalteren (Dark Ages nom Ausdrock vun der englescher Historiographie) am anticke Griicheland d'Epoch vum 12. bis 8. Joerhonnert v. Chr.
![Thumb image](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/a/ad/Geometric_oinochoe_Louvre_CA1821.jpg/640px-Geometric_oinochoe_Louvre_CA1821.jpg)
D'Invasiounen, déi zu der Zerstéierung vun der mykenescher Kultur gefouert hunn, markéieren den Ufank vun dëser Period. Dat Submykenescht fänkt ëm 1200 un a geet bis 1015. Duerno koum de Proto-geometreschen Zäitalter deen domat opgehalen huet, wéi Athen sech als kulturelle Foyer ëm 875 etabléiert huet, wat duerch de Succès vun enger neier Form vu Keramik, déi geometresch genannt gëtt, komm ass, an dem Ufank vum Zäitalter vun de Poleis.