Dmitrowsk
From Wikipedia, the free encyclopedia
Dmitrowsk (op Russesch: Дмитровск) ass eng Stad am Oblast Orjol am Zentralrussesche Federatiounskrees a Russland. Si läit eng 80 km südwestlech vun Orjol.
Dëse Geographiesartikel iwwer Russland ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Dmitrowsk | |
---|---|
Land | Russland |
Federatiounskrees | Zentralrussland |
Status | Oblast |
Regioun | Orjol |
Gegrënnt | 1711 |
Awunner | 5.105 (1. Januar 2018) |
Fläch | 6 |
Koordinaten | 52°30'18"N, 35°8'47"O |
Zäitzon | UTC+3 |
Telefonszon | 48649 |
Postcode | 303240 |
Si ass de Verwaltungszentrum vum Distrikt Dmitrowsk an huet 5.648 Awunner (Stand 2010)[1] op enger Fläch vu 6 km². Se läit um rietsen Uwänner vum Obschtscheriza, engem Niewefloss vum Nerussa.
Dmitrowsk gouf am Joer 1711 vum moldawesche Woiwod (Herzog) Dimitrie Cantemir als Siidlung Dmitrowka (Дмитровка) oder Dmitrijewka (Дмитриевка) gegrënnt, op Land dat dem Woiwod virdru vum Zar Péiter de Grousse geschenkt gouf. Am Joer 1782 gouf d'Duerf als Stad unerkannt an op Dmitrowsk ëmbenannt.[2] Vun 1929 bis 2005 hat si den Numm Dmitrowsk-Orlowski (Дмитровск-Орловский),[3] fir se vun der Stad Dmitrow bei Moskau z'ënnerscheeden.