lëtzebuergesche Geschäftsmann a Politiker From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Dominique-Antoine Pescatore, genannt Antoine Pescatore, gebuer den 30. Mee 1842 an der Stad Lëtzebuerg, a gestuerwen den 8. Juni 1916 zu Boufer, war e lëtzebuergesche Geschäftsmann a Politiker.
Dominique-Antoine Pescatore | |
---|---|
Gebuertsnumm | Marie Anton Dominick Pescatore |
Gebuer |
30. Mee 1842 Lëtzebuerg |
Gestuerwen |
8. Juni 1916 Boufer |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Politiker |
Famill | |
Bestuet mat | Anne Pescatore |
Papp | Pierre-Antoine Pescatore |
Mamm | Marguerite-Séraphine Beving |
Kanner | Françoise Pescatore, Théodore Pescatore |
Den Antoine Pescatore war e Jong vum Pierre-Antoine Pescatore an der Marguerite-Séraphine Beving[1]. Hie war e Jong vun der bekannter Pescatore Famill[2], där hiert Liewen ufanks vu geschäftlechen a politesche Succès markéiert war. Vun 1867 un huet hien als Deputéierten de Kanton Gréiwemaacher a vun 1869 bis 1887 d'Stad Lëtzebuerg vertrueden. Hie war och Sekretär vun der Chamber vun 1867 bis 1868 a vun 1872 bis 1875 a vun 1875 bis 1881 Vizepresident.[3]
Hien huet d'Société des hauts-fourneaux luxembourgeois 1869 matgegrënnt an 1870 d'Schlass Mäertert gebaut. Den Antoine Pescatore war Vizepresident vun der Banque nationale du Grand-Duché de Luxembourg (1873-1881).[4] Zesumme mam Louis Zoude huet hien 1882 de Bankverein in Luxemburg gegrënnt, vun deem hien Direkter gouf.[5] Hie war 1885 de Grënner vun der Société Industrielle et Financière Pescatore et Compagnie. Am selwechte Joer war hie Generalkommissär vun der Lëtzebuerger Filial op der Weltausstellung zu Antwerpen. No geschäftleche Réckschléi, déi am Joer 1886 d'Faillite vun der Firma Antoine Pescatore, L. Zoude & Compagnie ausgeléist hunn, huet de Pescatore sech aus dem ëffentleche Liewen zeréckgezunn. D'Schlass an de Park zu Mäertert goufen 1887 versteet.
Den Antoine Pescatore gouf 1863 an der Stad mat der Molerin Anne Feltz bestuet; si haten 8 Kanner:[6]
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.