![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/7/75/Gare_Diekirch.jpg/640px-Gare_Diekirch.jpg&w=640&q=50)
Eisebunnsstreck Ettelbréck-Waasserbëlleg
fréier Lëtzebuerger Eisebunnsstreck / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Bau vun der Eisebunnsstreck Ettelbréck-Waasserbëlleg, och nach ënner dem Numm Sauerstreck bekannt, an zwar wéinst hirem Tracé laanscht d'Sauer, geet zeréck op eng Konventioun tëscht dem lëtzebuergesche Staat an der Société anonyme des chemins de fer des bassins houillers du Hainaut vum 14. Dezember 1868 respektiv dem 27. Februar 1869, déi an engem Gesetz vum 19. Mäerz 1869 festgehale gouf[1].
![]() |
Dësen Transportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
![]() | |
![]() | |
Linnennummer | 1a |
---|---|
Besëtzer | Lëtzebuerg |
Bedreiwer | CFL |
Technesch Donnéeën | |
Längt | 59 km |
Gréisst Steigung | 16 ‰ |
Spuerbreet | Normalspuer |
Streck | ||
Garen, Brécken, Barriären | PK | |
![]() | Gare Ettelbréck Uschloss: Linn 1, 2b | 0,000 |
![]() | PN. 110 | 0,445 |
![]() | Sauer | 0,485 |
![]() | PN. 110a | 0,713 |
![]() | PN. 110b | 1,419 |
![]() | PN. 111 fir Foussgänger | 2,025 |
![]() | PN. 111b | 2,827 |
![]() | PN. 112 | 3,298 |
![]() | Commercial Intertech | 3,390 |
![]() | PN. 111d | 3,943 |
![]() | Gare Dikrech | 4,100 (GL) 0,00 (PH) |
![]() ![]() | Streck Dikrech-Veianen N 7 | 0,150 |
![]() | Sauer | 0,350 |
![]() | 0,630 | |
![]() | 1,140 | |
![]() | Tirelbaach | 1,695 |
![]() | Gilsdref | 2,000 |
![]() | 4,870 | |
![]() | Bettenduerf | 5,000 |
![]() | 6,770 | |
![]() | 6,950 | |
![]() | Méischtref | 7,000 |
![]() | Reisduerf | 9,000 |
![]() | 9,100 | |
![]() | Wäiss Iernz | |
![]() | 11,990 | |
![]() | Wallenduerfer Bréck | 12,000 |
![]() | Kuerbaach | 12,420 |
![]() | Déiljen | 16,000 |
![]() | 16,050 | |
![]() | Millebaach | 16,970 |
![]() | Grondhaff | 18,000 |
![]() | Schwaarz Iernz | 18,050 |
![]() | Ofzweigung Giddergare Grondhaff-Beefort | 18,200 |
![]() | Bollenduerfer Bréck | 21,000 |
![]() | 21,350 | |
![]() | DEU![]() (1904 bis 1918) | 23,900 |
![]() | Weilerbaach | 24,000 |
![]() | Äsbech | 25,600 |
![]() | Bréck Al Schwämm | 26,350 |
![]() | Iechternach | 27,000 |
![]() | Abteisgaart | 27,430 |
![]() | Steenem | 32,000 |
![]() | DEU![]() | 33,140 |
![]() | Rouspert | 36,000 |
![]() | Hénkel | 38,00 |
![]() | Bur | 42,000 |
![]() | Méischdref | 43,000 |
![]() | Waasserbëlleg | 49,510 |
![]() | N 1 | 49,570 |
![]() | Linn 3 | 51,400 |
![]() | Rue Pierre Beckius | 51,855 |
![]() | Mäertert | 52,015 |
![]() | Rue du Parc | 52,195 |
![]() | Sir | 52,660 |
![]() | 55,235 | |
![]() | 55,500 | |
![]() | Gréiwemaacher | 55,670 |
Wéi dunn den 10. Mee 1869 d'Compagnie des chemins de fer Prince-Henri (PH) gegrënnt gouf, krut si d'Rechter an d'Flichte vun der belscher Gesellschaft iwwerdroen[2], déi mat Aktionär war, an 49.375 Aktië vun am Ganze 50.000 an hirem Besëtz hat. Déi éischt Gesellschaft vum Prënz wéi se am Volleksmond genannt gouf, huet d'Sauerlinn grad sou wéi de Rescht vun hirem Streckennetz bis 1877 exploitéiert. Wéinst Finanzschwieregkeete gouf se du liquidéiert an hir Geschäfter goufe vun der Société anonyme luxembourgeoise des chemins de fer et minières Prince-Henri (och PH gekierzt) där hir Statuten den 28. Oktober 1877 duerch en Arrêté Royal grand-ducal approuvéiert goufen[3].
D'Streck déi tëscht 1873 an 1874 gebaut gouf war am Ufank 53,85 km laang, an 1891 koum nach d'Streck vu Waasserbëlleg op Gréiwemaacher mat enger Längt vu 6,16 Kilometer dobäi. Deen Deel war dem PH den 30. Januar 1890 aus der Konzessioun vun de Kantonalstrecken iwwerdroe ginn.
An der Zäit vun der däitscher Occupatioun (1940-1945) gouf d'Streck vun der Reichsbahn exploitéiert, déi och bei Steenem en Uschloss un déi däitsch Sauerdallbunn gebaut hat.
Vun 1946 u gouf d'Streck vun der CFL bedriwwen[4].
Well d'Sauerstreck sech am Laf vun der Zäit als onwirtschaftlech erwisen huet, gouf se no an no zougemaach: de 4 Mäerz 1963 den Deel Iechternach - Waasserbëlleg[5] an de 27. Mee 1964 vun Dikrech - Iechternach[6]. Se gouf duerch en Autobusservice ersat, deen haut aus den RGTR-Linne 500 (Ettelbréck - Dikrech - Iechternach) a 485 (Iechternach - Waasserbëlleg - Gréiwemaacher) besteet.
Iwwer e groussen Deel vun der fréierer Zuchstreck tëscht Reisduerf a Waasserbëlleg féiert d'Vëlospist PC3 och Piste des trois rivières genannt.