Den Emile Gilles Berchem, gebuer den 28. Dezember 1837 an der Stad Lëtzebuerg, an och do de 7. August 1918 gestuerwen, war e lëtzebuergesche Geschäftsmann, Moler an Zeechner.[1]
Emile Berchem | |
---|---|
Gebuer |
28. Dezember 1837 Lëtzebuerg |
Gestuerwen |
7. August 1918 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Educatioun | Athénée de Luxembourg |
Aktivitéit | Moler, Zeechner |
Den Emile Berchem war de Jong vum François Hubert Berchem a senger Fra Anne Berchem.[2] Hien huet eng Penninger-Studiebourse kritt[3] a goung am Stater Kolléisch an d'Schoul. Wéi och säi Papp gouf de Berchem Geschäftsmann an der Stad.. 1862 huet hie seng Niëss Anna Adèle Berchem (1843-1867) bestuet a méi spéit an engem zweete Bestiednis d'Franziska Müller (1848-1898).
De Berchem war vun 1874 u Member a vun 1892 u Vizepresident vun der Handelskammer. 1880 war hie Matgrënner vun der Société Anonyme du Casino de Luxembourg, déi de Casino Luxembourg opriichte gelooss huet.[4]
De Berchem hat schonn e gewëssen Alter, wéi en d'Molerei entdeckt huet, déi e sech als Autodidakt bäibruecht huet.[5] Hien huet figurativ Landschaften a Vuë vu Stied gemoolt, am Aquarell a mat Kräid.[6] 1896 huet hien um Salon vum Cercle Artistique de Luxembourg deelgeholl, wou hie 14 Tableauen agereecht hat (de Pierre Blanc hat der 15). An der Indépendance luxembourgeoise schrouf e Kritiker, datt dem Berchem seng Biller handwierklech net schlecht ausgeféiert, ma soss éischter banal wieren:
"Ces aquarelles démontrent que M. Berchem n'est pas sans adresse ni sans habileté, mais elles prouvent aussi que le tempérament artistique est chose qui ne s'apprend jamais. L’œuvre de M. Berchem ressemble donc trop à une collection de photographies coloriées où la nature se noie dans la banalité."[7]
Den Emile Berchem ass mat 80 Joer gestuerwen.[8]
- Chevalier vum ordre de la couronne de chêne (Promotioun Juli 1891)[9]
- Breedewee
- Gronn
- Ënner de Stäiler
Commons: Emile Berchem – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Quell: Iwwersat vun nl:Emile Berchem
- "Emile Berchem", Lëtzebuerger Konschtlexikon, MNAHA.
- Etat civil Stad Lëtzebuerg: Gebuertsakten 1837, Akt Nr 476.
- Aug. Bruck (1874-1882) "Fondations de bourses d'études instituées en faveur des Luxembourgeois", Luxemburg: V. Buck.
- Lambert Herr (2001) Signatures, portraits et auto-portraits : artistes plasticiens au Luxembourg. Luxemburg: Éditions Saint-Paul. ISBN 2-87963-382-6}}. p. 22.
- Lambert Herr (1992) Anthologie des arts au Luxembourg. Luxemburg: Editions Emile Borschette. ISBN 2-87982-034-0. p. 24-25.
- "Beaux-Arts", L'Indépendance luxembourgeoise, 9. September 1896.
- Etat civil vun der Stad Lëtzebuerg: Stierffäll 1918, Akt Nr. 346; "Monsieur Emile BERCHEM", Doudesannonce am Luxemburger Wort, 7. August 1918.
- "Actes officiels : Ordre de la Couronne de chêne", Mémorial, 25 juli 1891.
Wikiwand in your browser!
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.