From Wikipedia, the free encyclopedia
Eng Ephemerid (vum griicheschen ephemeros „fir een Dag“, ass eng Tabell, déi d'Positioune vun engem astronomeschen Objet oplëscht. Ephemeride ginn an der Raumfaart an an der Himmelsmechanik gebraucht, souwéi bei villen Uwendunge mat engem Bezuch op d'Sonn oder d'Satellitten.
Ephemeride fir déi visuell Astronomie gebrauche fir hir Positiounsdaten entweeder de Vollkrees vun 360 Grad laanscht d'Ekliptik oder ginn d'Positioun an Equatorialkoordinaten un. D'Berechnung vun den Ephemeride gehéiert zu de Leeschtunge vun der astronomescher Phenomeenologie an ass haut e Bestanddeel vu villen astronomesche Programmer oder interaktiv am Internet nozeschloen.
Bei engem Satellit beschreiwen d'Ephemeriden a mathematescher Form d'visuell Ëmlafbunn. Beim Global Positioning System (GPS) sinn déi Bunndaten e Bestanddeel vu Signaler déi jiddwer Satellit ausstraalt, an déi dann d'Grondlag fir d'Positiounsberechnung vum Empfänger sinn.
Fir d'Ofschätzung vun enger méiglecher Kollisiounswahrscheinlechkeet vun zwéi Kierperen am Sonnesystem ass et erfuerdert, d'Positioune vun de Kierperen an déi zäitlech Entwécklung vun dëse Positioune genee ze kennen. Dofir ginn Ephemeride-Kataloge fir Asteroiden ugeluecht, fir deenen hir zum dackste wéineg bekannt Bunndate méi genee bestëmmen ze kënnen. Besonnesch opgepasst gëtt bei den Äerdbunnkräizer, déi eis Äerd bedreeë kéinten.
D'Ephemeriderechnung als Aarbechtsgebitt vun der astronomescher Phenomeenologie geschitt op Basis vun den observéierte Positioune vun den Himmelskierper a vun der Gravitatiounstheorie. Fir künfteg Wäerter ginn dobäi déi z'erwaardend Bunnstéierunge beuecht. Fir d'Stéierungsrechnung ze preziséieren, gi Rechemodeller wéi d'Planéitentheorie opgestallt.
Berechnungen:
Grondlagen:
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.