Ernest Arendt (Riichter)
lëtzebuergesche Magistrat a Member vum Staatsrot / From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Ernest Arendt, gebuer de 27. Abrëll 1855 zu Gréiwemaacher a gestuerwen den 8. Januar 1949 an der Stad Lëtzebuerg[1], war e lëtzebuergesche Magistrat a Member vum Staatsrot.[2]
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Riichter Ernest Arendt. Fir aner Leit mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. Ernest Arendt. |
Ernest Arendt | |
---|---|
Gebuer | 27. Abrëll 1855 |
Gestuerwen | 8. Januar 1949 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Riichter |
Famill | |
Papp | Charles Arendt |
Den Ernest Arendt huet Droit studéiert an am Mee 1879 säi lëtzebuergeschen Doktorat mat Distinctioun gepackt.[3] Am Juni 1879 ass hien als Affekot beim Bezierksgeriicht Lëtzebuerg zougelooss ginn.[4]
1883 ass den Ernest Arendt Substitut zu Dikrech ginn, 1885 Riichter um Bezierksgeriicht Lëtzebuerg, 1888 Avocat général op der Cour supérieure de justice, wou hien 1894 Conseiller, 1912 Vizepresident an 1913 President gouf. 1923 ass hien an d'Pensioun gaangen.[4][5]
Vun 1902 bis 1931 war den Arendt Member vum Staatsrot, wou hien 1929 Vizepresident a President vum Comité du contentieux ginn ass.[4][5]
Vum 8. Dezember 1916 bis de 17. September 1918 war den Ernest Arendt lëtzebuergesche Chargé d'affaires zu Berlin.[4]
Den Ernest Arendt war de Fils vum Staatsarchitekt Charles Arendt.[6]