Europäesch Zentralbank
Institutioun vun der Europäescher Unioun / From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Europäesch Zentralbank (kuerz: EZB) gouf 1998 gegrënnt, fir, wéi et am Traité iwwer d'Europäesch Unioun virgesi war, déi neigeschaaft Wärung, den Euro, anzeféieren an ze geréieren, Change-Operatiounen ze maachen an dofir ze suergen, datt d'Bezuelsystemer ouni Problemer funktionéieren. Hir Aufgab ass et och, d'Wirtschafts- a Wärungspolitik vun der EU ze definéieren an ëmzesetzen. Si ass zanter dem 1. Dezember 2009 eng vun den Institutioune vun der Europäescher Unioun an huet hire Sëtz zu Frankfurt am Main.
Land | Däitschland |
---|---|
Koordinaten | 50°6'14"N, 8°41'55"O |
Datum vum Bau | 1. Juni 1998 |
Genannt no | Europa |
Fir dës Aufgaben z'erfëlle schafft si mam "Europäesche System vun den Zentralbanken" zesummen, an deem déi 28 Zentralbanke vun den EU-Memberstaaten vertruede sinn. Op den 1. Januar 2014 hunn 18 vun deene Länner den Euro agefouert, cf. Eurozon, a bilden, zesumme mat der Europäescher Zentralbank, de sougenannten "Eurosystem".
D'Europäesch Zentralbank, wéi och d'national Zentralbanke vum Eurosystem, si vëlleg onofhängeg an hiren Decisiounen. Déi aner Europäesch Institutiounen an d'Regierunge vun de Memberstaaten däerfen net probéieren, dës ze beaflossen.