From Wikipedia, the free encyclopedia
Eng Zentralbank ass eng offiziell Insitutioun déi op nationalem Niveau oder um Niveau vu méi Länner (beispillsweis d'Zon vum Euro) aktiv ass an déi fir d'Emissioun vun der Wärung an d'Oprechterhalung vun hirer Stabilitéit zoustänneg ass.
Si kann onofhängeg sinn wéi d'Europäesch Zentralbank oder, wéi de Federal Reserve System an den USA, den nationalen Autoritéiten ënnerstallt sinn.
Zu Lëtzebuerg besteet zanter 1998 eng Zentralbank, ënner dem offiziellen Numm Banque centrale du Luxembourg. Si gouf duerch d'Gesetzer vum 22. Abrëll 1998 a vum 23. Dezember 1998 geschaf, zur selwechter Zäit wéi d'Europäesch Zentralbank.
Noutebanke waren ursprénglech Geschäftsbanken, déi Banknouten erausginn hunn. Dëst ware Quittunge fir Mënzgeld, wat vun den Noutebanke versuergt ginn ass. D'Quittunge goufen als Zuelungsmëttel benotzt. Si goufen de Proprietairen d'Recht, vun enger dozou verpflichter Bank zu all Zäit d'Suen a Form vu Mënzen zeréckzekréien.
Doraus huet sech d'Fuerderung un d'Noutebanken entwéckelt, d'Banknouten déi si erausginn hunn, duerch Bestänn, fir d'éischt a Mënzen, spéider an Eedelmetaller (Gold, Sëlwer) ofzesécheren, ze decken. Mat der Zäit ass awer de Montant vum Pabeiergeld méi héich ginn, wéi de Montant deen d'Banken u Mënzen an Eedelmetaller haten. Dofir mussen haut a ville Länner d'Banknouten och net méi duerch de Goldbestand vun den Noutebanken ofgeséchert sinn (Ophiewung vun der Golddeckungspflicht).
Zanter dem Enn vum 19. Joerhonnert sinn d'Staaten dozou iwwergaangen, d'Recht fir Schäiner erausgezinn vun hire verschiddene Banken ewechzehuelen, an dës Aufgab enger zentraler Noutebank, der Zentralbank vum Land, z'iwwerdroen. Dës versuergt hirersäits d'Geschäftsbanke iwwer Kreditter mat Schäiner. En éischte Versuch gouf et schonn am 18. Joerhonnert a Frankräich mam System vum John Law.
Mat der Errichtung vun den Zentralbanke war och dacks eng Zentraliséierung vum Geldwiesen an d'Schafung vun enger eenheetlecher Wärung verbonnen. Bis dohin haten déi eenzel Noutebanke villfach hir eege Wärung erausginn. Dozou zwee Beispiller:
D'méiglech Aufgabeberäicher vun enger Zentralbank sinn
Jee no Wärungsraum ënnerscheede sech dës Aufgaben.
Aktiva:
Passiva
D'Zentralbank gëtt an den eenzele Wäherungsräim an ënnerschiddlechem Mooss vun de Regierungen an Interessigruppe beaflosst. D'Länner vun der Europäescher Unioun hu missen am Virfeld vun der Wärungsunioun hir Zentralbanken an d'rechtlech an d'faktesch Onofhängegkeet entloossen. Am Zentralbankstatut vun der EU ass d'Onofhängegkeet vun der EZB garantéiert, och wann et zu Konflikter féiere kann, well d'Membere vum Presidium vun der EZB duerch den Europäesche Rot beruff ginn.
Commons: Zentralbanken – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.