Eurovision Song Contest 2020
annulléiert 65. Editioun vum europäesche Museksconcours / From Wikipedia, the free encyclopedia
De 65. Eurovision Song Contest sollt seng zwou Halleffinallen an d'Finall am Mee 2020 zu Rotterdam an Holland, dem Gewënnerland vum Eurovision Song Contest 2019 hunn. Den 18. Mäerz 2020 hunn d'Organisateure bekannt ginn datt d'Evenement wéinst der COVID-19-Pandemie ofgeblose gouf.[1]
Eurovision Song Contest 2020 | |
---|---|
Motto | Open Up (Maach op) |
Datum | 12. bis 16. Mee 2020 (ofgesot) |
Gaaschtland | Holland |
Stad | Rotterdam |
Gebai | Rotterdam Ahoy |
Moderatioun | Chantal Janzen Edsilia Rombley Jan Smit Nikkie de Jager (online) |
Executive Supervisor | Jon Ola Sand |
Zuel vu Länner | 41 (virgesinn) |
Nei Participatiounen | keng |
Participanten déi zeréckkoumen | Bulgarien (virgesinn) Ukrain (virgesinn) |
Participatiounen zeréckgezunn | Montenegro Ungarn |
Als offiziell Ersatzsendung fir déi ofgesot Veranstaltungen a fir déi schonn ausgewielt 41 Lidder ze honoréieren, gouf de 16. Mee 2020 zu Hilversum d'Sendung Eurovision: Europe Shine a Light ouni Publikum ofgehalen. Eenzel Länner hate sech och dozou entscheet fir eng eegen Ersatzsendung mat Ofstëmmungen ofzehalen, déi dann am jeeweilege Land organiséiert goufen. Wärend dësen Ersatzsendunge gouf och ugekënnegt, datt den Eurovision Song Contest 2021 nees zu Rotterdam ofgehale gi soll.[2]