Färöer
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Färöer – och Färöer-Inselen (Føroyar (fo), Færøerne (dk), d'„Schofsinselen“) ass eng autonom Inselgrupp déi zum Kinnekräich Dänemark gehéiert. Se läit am Nordatlantik, tëscht de Britteschen Inselen, Norwegen an Island. Déi 18 Insele goufen am Mëttelalter entdeckt a bewunnt a sinn haut - mat Ausnam vun der klengster, Lítla Dímun - all permanent bewunnt.
Dëse Geographiesartikel iwwer Dänemark ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Føroyar (fo) Færøerne (dk) | |||||
| |||||
Offiziell Sprooch: | Färöesch[1] | ||||
Haaptstad: | Tórshavn | ||||
• Koordinaten: | 62° 0’ 42’’ N 06° 43’ 03’’ W | ||||
Staatsform: | Parlamentaresch Monarchie | ||||
• Kinnek: | Frederik X. | ||||
• Premierminister: | Aksel V. Johannesen | ||||
Fläch: | 1.395,74[2] km² | ||||
Bevëlkerung: | 49.864 (01.01.2017)[3] | ||||
• Bevëlkerungsdicht: | 36,22[2]/km² | ||||
Onofhängegkeet: | zanter 1948 | ||||
Nationalfeierdag: | 29. Juli | ||||
Nationalhymn: | Mítt alfagra land | ||||
Wärung: | Dänesch Kroun (DKK) | ||||
Zäitzon: | UTC +1 | ||||
Internet TLD: | .fo | ||||
Internationalen Telefonsprefix: |
+298 | ||||
Déi knapps 50.000 Inselbewunner – d'Färöer oder Färinger – gesi sech net als Dänen, mä als eegestännegt Vollek, dat vun de Wikinger op de Färöer ofstaamt. Si schwätze Färöesch, eng Sprooch, déi aus dem Alwestnordesche staamt an zur Islännescher an der Norwegescher Sproochgrupp gehéiert.
Nom Traité vu Fámjin aus dem Joer 2005 sinn d'Färöer, grad wéi d'Grönlänner, eng gläichberechtegt Natioun am Kinnekräich Dänemark. Hir Insele si schonn zanter 1948 gréisstendeels autonom an hu mam Løgting eent vun den eelsten Parlamenter vun der Welt. Et schéckt reegelméisseg zwéin Deputéiert an d'dänescht Folketing an ass och mat zwéin Delegéierten am Nordesche Rot vertrueden.
Anescht wéi Dänemark gehéieren d'Färöer awer net zur Europäescher Unioun an op Grond vum Art. 4 Abs. 1 vum europäeschen Zollkodex[4] och net zum Zollgebitt vun der Unioun. Dowéinst zielen all d'Verträg iwwert d'EU oder hir Aarbechtsweis op de Färöer net. Well se awer zur Paneuropa-Mëttelmier-Zon[5] gehéieren, hunn d'EU-Bierger do zimmlech déi selwecht Rechter wéi am Europäesche Wirtschaftsraum. Zanter dem 1. November 2006 sinn d'Färöer an enger Zollunioun mat Island. Schonn zanter 1985 schaffen Island, Grönland an d'Färöer am Westnordesche Conseil zesummen.
Bis an d'19. Joerhonnert war d'Schofszuucht déi gréisst ekonomesch Aktivitéit an d'färöesch Woll den Haaptexportartikel. Haut dominéieren op de Färöer d'Fëscherei an déi domat verbonnen Ekonomie. Zanter der Mëtt vun den 1990er Jore gëtt am Mier ëm d'Inselen no Pëtrol gesicht; all Proufbuerunge si bis elo awer feelgeschloen.