Ferdinand Pescatore
lëtzebuergesche Geschäftsmann a Politiker / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Charles-Philippe-Louis Pescatore, genannt Ferdinand Pescatore, gebuer den 20. Juni 1791 a gestuerwen de 25. Dezember 1862, war e lëtzebuergesche Geschäftsmann a Politiker.
Séier Fakten Gebuertsnumm, Gebuer ...
Ferdinand Pescatore | |
---|---|
Gebuertsnumm | Charles Philippe Louis Ferdinand Pescatore |
Gebuer |
20. Juni 1791 Lëtzebuerg |
Gestuerwen | 25. Dezember 1862 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Politiker |
Famill | |
Papp | Dominique Pescatore |
Geschwëster | Antoine Pescatore |
Zoumaachen
De Ferdinand Pescatore war de Jong vum Dominique Pescatore. Hien hat eng Epicerie an der Stad Lëtzebuerg, a méi spéit och eng Filial zu Tréier. 1829 huet hien d'Steeseler Millen geierft a moderniséiert.
1841 gouf hie President vun der Chambre de commerce. Hie war vun 1842 bis 1848 Member[1] am Rot vun de Stänn a vun 1844[2] bis 1848 Buergermeeschter vun der Stad Lëtzebuerg[3].
Vum 28. November 1857 bis zu sengem Doud war hie Member vum Staatsrot[4].