Fernand Khnopff
belsche Moler / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Fernand-Edmond-Jean-Marie Khnopff, gebuer den 12. September 1858 zu Grembergen bei Dendermonde a gestuerwen den 12. November 1921 zu Bréissel, war e belsche Moler, Graphiker, Sculpteur, Fotograf an Auteur vun Artikelen iwwer Konscht.
Fernand Khnopff | |
---|---|
Gebuer |
12. September 1858 Dendermonde |
Gestuerwen |
12. November 1921 Bréissel |
Nationalitéit | Belsch |
Educatioun |
Université libre de Bruxelles, Académie Julian, Académie royale des beaux-arts |
Aktivitéit | Moler, Sculpteur, Fotograf, Philosoph, Schrëftsteller, Graphiker, visuelle Kënschtler |
Hie gëllt nieft dem James Ensor, mat deem en d'Société des Vingt gegrënnt huet, als Haaptrepresentant vum belsche Symbolismus.
1884 huet hien eng éischte Kéier um Salon de Paris ausgestallt, wat hien zu engem beléifte Moler vun der Bourgeoisie gemaach huet. Tëscht 1884 an 1890 huet hie 34 Portraite realiséiert, wourënner Portrait Jeanne Kéfer (Getty Museum) a Portrait Marie Monnom (Musée d'Orsay). Seng Schwëster Marguerite, mat där en an engem selwer entworfenen Haus gewunnt huet, war säi léifst Modell.
De Khnopff huet och zäitweileg a Groussbritannie gewunnt an ausgestallt. Vun 1895 bis 1914 huet hie fir déi engmlesch Konschtzeitung The Studio geschafft, wou e responsabel fir d'Rubrik "Studio-Talks-Brussels" war, an an där en iwwer d'Entwécklung vun der Konscht an der Belsch an um europäesche Festland geschriwwen huet.
Am Mäerz 1898 hat hien eng Selektioun vun 21 Wierker op deen éischte Salon vun der Wiener Secession geschéckt, déi do grousse Succès haten, an déi de jonken éisträichesche Moler Gustav Klimt beaflosst hunn.[1]
De Khnopff huet weiderhi Bünendekoren entworf, sou z. B. 1903 die fir dem Georges Rodenbach säi Stéck Le Mirage am Deutschen Theater Berlin, an och Panneauë vum Museksall am Bréisseler Palais Stoclet si vun him.
- Eng jonk englesch Lady, 1891, Musées Royaux des Beaux-Arts (MRBA), Bréissel
- Ich schließe mich in mich selbst ein, 1891, Neue Pinakothek, München
- L'Art oder Des caresses, 1896, MRBA, Bréissel
- Portrait Marguerite Khnopff, 1887