Firmin Lambot
belsche Vëlossportler / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Firmin Lambot, gebuer zu Florennes de 14. Mäerz 1886, a gestuerwen den 19. Januar 1964, war e belsche professionelle Vëlossportler, an nieft dem Léon Scieur, deen och vu Florennes koum, ee vun den zwéi Wallouner déi den Tour de France gewonnen hunn.[1]
De Firmin Lambot war zéngmol um Tour de France dobäi, huet sechs Etappe gewonnen a konnt den Tour vun 1919 an dee vun 1922 fir sech entscheeden.