Fort Rubamprez
Festungswierk vun der Festung Lëtzebuerg um Rumm-Plateau / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Fort Rubamprez (och nach:Bastion détaché de Walis, Redoute à la Tête du Grund, Redoute du Rham[1]) ass e Festungswierk vun der Festung Lëtzebuerg um Rumm-Plateau. De Reduit/Polfermagaséng existéiert nach haut um Terrain vum Institut national des sports (INS). Den Terrain läit tëscht der Tréierer Strooss op der nërdlecher an der Eisebunnslinn a Richtung Tréier op der südlecher Flank. No Oste louch de Fort Rumigny hanner dem Fort de Ravelin vun de Rumm-Befestegungen, deen duerch de Bau vun der Eisebunnsstreck 1861 zerstéiert gouf.
Séier Fakten Land, Gemeng ...
De fréiere Polfermagaséng vum Fort | |
Land | Lëtzebuerg |
---|---|
Gemeng | Lëtzebuerg |
Koordinaten | 49°36'38,189"N, 6°8'34,937"O |
Architekt(en) | Sébastien Le Prestre de Vauban |
Datum vum Bau | 1689 |
Ofgerappt oder zerstéiert | 1871 |
Zoumaachen