From Wikipedia, the free encyclopedia
Eng fräi Software (engl: free software) ass eng Software, déi dem Benotzer d'Fräiheet an d'Recht garantéiert, se ze benotze wéi e wëll. Dat heescht et ass net nëmmen de Programméierer, mee och de Benotzer, deen de Quelltext däerf ausféieren, änneren a kopéieren, an adaptéiert Versiounen verbreeden.
D'Stëftung Free Software Foundation huet d'Zil, d'Entwécklung an d'Verbreede vu fräier Software ze fërderen.
Bekannt fräi Softwarë sinn zum Beispill de Webbrowser Mozilla Firefox an de Bildbeaarbechtungsprogramm GIMP.
Eng Software ass fräi wann d'Benotzer déi follgend véier Fräiheeten hunn:
Bei der fräier Software steet d'Fräiheet am Mëttelpunkt an net de Präis; all Benotzer steet et legal gesi fräi, mat senger Kopie vun der fräier Software ze maache wat e wëllt, egal wéi vill e bezuelt huet fir se ze kréien, an en däerf och e Profit domat maachen. Fräi Software bedeit net datt se net-kommerziell ass. E fräie Programm muss fir de kommerzielle Gebrauch, Entwécklung an Distributioun zu Verfügung stoen.[1]
D'fräi Software steet am Géigesaz zur proprietärer Software, bei där d'Entwéckler an d'Distributeure vun der Software den Endbenotzer hir Fräiheetsrechter explizitt entzéien, zum Beispill andeem se de Quelltext net mat ausliwweren oder de Vertrag e bestëmmte Gebrauch verbitt oder aschränkt.
Open-Source-Software ass esou gutt wéi dat selwecht wéi eng fräi Software, a bal all Open-Source-Software ass fräi Software. Den Haaptënnerscheed leit an der Ideologie hannert den zwee Konzepter. Open Source ass eng Entwécklungsmethod an hannert der fräier Software steet eng Sozialbeweegung. Fir déi Beweegung ass d'fräi Software eng eethesch Mussesaach, wëll nëmmen déi fräi Software de Benotzer hir Fräiheet géif garantéieren. D'Philosophie hannert Open Source dogéint këmmert sech nëmme mat der praktescher Fro, wéi een eng Software verbessere kann. Deemno wier net-fräi Software (proprietär Software) eng suboptimal Léisung. Fir d'Fräi-Software-Beweegung dogéint ass déi net-fräi Software e soziale Problem an d'Beweegen a Richtung fräi Software wier d'Léisung.[1][2]
Software, déi fräi an Open Source ass, gëtt als Fräi an Open-Source-Software bezeechent.
Commons: Fräi Software – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.