Fräiheetsbréif
Wikimedia-Homonymiesäit / From Wikipedia, the free encyclopedia
E Fräiheetsbréif ass en Dokument, mat deem, virun allem am feudalistesche Spéitmëttelalter, e kierchlechen oder weltleche Fürst enger Stadgemeng bestëmmt Privileegien (= Virrechter; Rechter, déi net jiddwereen hat oder krut) ginn huet.
Duerch de Fräiheetsbréif goufen d'Awunner vun enger Stad "fräi", dat heescht, si waren net méi, als "Hörige" oder als Leifeegen, vun engem weltlechen oder geeschtlechen Här ofhängeg.
D'Stad konnt hir eege Verwaltung, déi vun de Bierger gewielt gouf, an zum Deel hiert eegent Geriichtswiesen opbauen. Zeechen dovu waren dacks d'Uertsel (Geriichtskräiz) an de Stillchen. Zu de weidere Privileegien huet d'Méiglechkeet gehéiert, mam Accord vum Fürst Steieren an Douanestaxen opzehiewen, eege Moossen a Gewiichter ze hunn, an d'Recht, e Maart ofzehalen.