From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Fédération du sport cycliste luxembourgeois, ofgekierzt FSCL (bis den 23. Februar 1947: Fédération des sociétés cyclistes luxembourgeoises), ass de lëtzebuergesche Verband vum Vëlossport.
Fédération du sport cycliste luxembourgeois | |
---|---|
Ofkierzung | FSCL |
Grënnungsdatum |
13.05.1917 (ASBL 12.10.2006) |
Sëtz |
3, route d'Arlon L - 8009 Stroossen |
President | Camille Dahm |
Generalsekretär | Edouard Buchette |
Member vu(n) | UCI, UEC |
Websäit | https://www.fscl.lu/ |
D'FSCL ass 1917 gegrënnt an den 12. Oktober 2006 am Handelsregëster als ASBL registréiert ginn[1]. Se huet hire Sëtz zu Stroossen an ass Member vum COSL, der Union cycliste internationale (UCI) an der Union européenne de cyclisme (UEC).
Den 13. Mee 1917 sinn am Café des Mille Colonnes Vertrieder vun néng Vëlosveräiner zesummekomm fir d'FSCL ze grënnen. Am éischte Comité waren de Nobert Duren als President, de Michel Wormeringer als Vizepresident, de François Peusch als Sekretär an de Nicolas Bewing als Tresorier.
Déi éischt Federatioun war d'Union vélocipédique luxembourgeoise (UVL). De 4. Mee 1896 war eng Reunioun vu verschidde Veräiner fir eng Federatioun op d'Been ze setzen. De 7. Juni ass dann zu Munneref déi éischt Vëlosfederatioun vun de Veräiner „Rapid “Lëtzebuerg, „Veloce-Club“ Diddeleng a „Veloce-Club“ Rëmeleng offiziell gegrënnt ginn. Am Comité waren: Ferdy Schaeffer, Lëtzebuerg, President; Kihn, Diddeleng, Vizepresident; Klensch, Lëtzebuerg, Sekretär; Meysenburg, Rëmeleng, Tresorier. Member waren: Henri Baclesse, Lëtzebuerg; Wenner, Diddeleng a Wilhelm (Kayl ?).
Vun 1908 u gouf et allerdéngs ënner dem Félix Wilmes eng Cyclistesektioun an der Fédération des sociétés luxembourgeoises des sports athlétiques, ofgekierzt FSLSA, déi sech ëm de Vëlossport zu Lëtzebuerg bekëmmert huet.
Déi éischt affiliéiert Veräiner waren:
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.