George Grosz
From Wikipedia, the free encyclopedia
Den George Grosz, gebuer de 26. Juli 1893 als Georg Ehrenfried Groß zu Berlin, an och do de 6. Juli 1959 gestuerwen, war en däitsch-amerikanesche Moler, Graphiker a Karikaturist.
George Grosz | |
---|---|
De George Grosz (1930). | |
Gebuertsnumm | Georg Ehrenfried Groß |
Gebuer |
26. Juli 1893 Berlin |
Gestuerwen |
6. Juli 1959 West-Berlin |
Nationalitéit | USA, Däitschland |
Aktivitéit | Moler, Zeechner, Fotograf, Universitéitsprofesser, Schrëftsteller, Illustrateur, Graphiker, Graveur, Bauzeechner |
Member vun | American Academy of Arts and Letters |
Den George Grosz ass bekannt fir seng sozial- a gesellschaftskritesch Molereien an Zeechnungen, wouvun déi meescht an den 1920er Joren entstane sinn. Si sinn dacks bewosst drastesch a provokativ, an hunn och dacks e politesche Message. Typesch Sujete sinn d'Groussstad mat all hiren däischtere Säiten (Muerd, Perversioun, Gewalt) an hire soziale Géigesätz (extremer Aarmut vs. héije Räichtum). Hien ass nach e Krack méi aggressiv a politesch wéi den Otto Dix, deen zu der selwechter Zäit änlech Wierker geschaf huet.
A senge Wierker, dacks Karikaturen, mécht hien de Geck mat deenen un der Spëtzt vun der Weimarer Republik, a gräift sozial Géigesätz op a kritiséiert besonnesch d'Ekonomie, d'Politik, d'Militär an de Klerus.
Seng Wierker ginn der sougenannter Neuer Sachlichkeit zougerechent. Säi Kënschtlernumm hat en 1916, nodeems e vun der Front vum Éischte Weltkrich erëmkomm war, ugeholl, well en, genee wéi säi Frënd, de Kënschtler John Heartfield, dee virdrun Helmut Herzfeld housch, aus Protest géint de Krich keen däitschen Numm méi droe wollt. Nom Éischte Krich gouf hie Member vun der KPD an der Novembergruppe, an huet, an de "Wëllen Zwanzeger" vill vu senge politeschen a gesellschaftleche Wierker realiséiert.
De Grosz huet an där Zäit och zu der Berliner Dada-Szeen gehéiert, an huet Aflëss vu Kubismus a vum Fauvismus opgeholl. Seng provokativ Biller hunn him Prozesser wéinst Beleidegung vun der Reichswehr, Ugrëff op d'ëffentlech Moral oder Gotteslästerung abruecht.
Nodeems e fir e puer Méint 1932 an den USA Course ginn hat, ass en am Januar 1933, just ier d'Nationalsozialisten un d'Muecht koumen, duer emigréiert. Seng Biller, déi en zeréckgelooss hat, goufe vun den Nazie verklappt oder als "Entartete Kunst" verbrannt. An Amerika, wou e praktesch onbekannt war, huet hie wéineg unerkannt Biller gemoolt, wéi z. B. Cain, or Hitler in Hell.
Nom Zweete Weltkrich gouf säi Wierk ëmmer méi onpolitesch an dekorativ (Nature-morten, Nuen, Landschaften).
Nodeems den George Grosz zum Member vun der Berliner Akademie der Künste ernannt gi war, ass en 1959 aus den USA an Däitschland hannescht gaangen. Just e puer Wochen drop ass en zu Berlin gestuerwen, wéi e voll eng Trap erofgefall war.