lëtzebuergesche Schauspiller From Wikipedia, the free encyclopedia
De Germain Wagner, gebuer den 1. Dezember 1956 an der Stad Lëtzebuerg,[1]. ass e lëtzebuergesche Schauspiller.
Germain Wagner | |
---|---|
Gebuer |
1. Dezember 1956 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Schauspiller |
De Germain Wagner huet op der Staatliche Hochschule für Musik und Darstellende Kunst zu Stuttgart Schauspill studéiert. Hie gouf noenee beim Stadttheater Ulm, dunn beim Theater am Neumarkt zu Zürich, de Städtischen Bühnen zu Freiburg im Breisgau, dem Staatstheater Hannover, zu Oberhausen, beim Schauspielhaus Zürich a beim Bayerische Staatsschauspiel München engagéiert.
Zu Lëtzebuerg huet hien am Kapuzinertheater, am Théâtre national du Luxembourg an am Kasemattentheater gespillt. Vum Kasemattentheater ass hien den Artisteschen Direkter. Hien hat och en Engagement beim Théâtre National de Nice.
Nieft dem Theater spillt de Germain Wagner reegelméisseg an Televisiouns- a Spillfilmer. Sou war hien z. B. 2005 am Volker Schlöndorff sengem Der neunte Tag ze gesinn, an 2008 a La traque vum Laurent Jaoui. 2011 hat hien eng vun den Haaptrolle an der lëtzebuergescher Sitcom Weemseesdet op RTL Télé Lëtzebuerg
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.