Eisebunnstunnel an de Schwäizer Alpen From Wikipedia, the free encyclopedia
De Gotthard-Basistunnel ass e 57 km laangen Eisebunnstunnel, deen aus zwéi Réier besteet, an ënner dem St.-Gotthard-Massiv an de Schwäizer Alpen gebaut gouf. Bei sengem Bau sinn 9 Leit ëm d'Liewe komm. Et ass dee längsten Tunnel vun der Welt a verbënnt Erstfeld am Kanton Uri mat Bodio am Kanton Tessin. De 15. Oktober 2010 gouf den Duerchbroch realiséiert, den 1. Juni 2016 gouf en no 17 Joer Bauzäit ageweit.[1] Den 11. Dezember 2016 gouf en a Betrib geholl.
Typ | Eisebunnstunnel |
---|---|
Technesch Donnéeën | |
Längt |
57 104 (Ostrouer) 57 017 (Westrouer) |
Déift | 2 450 m |
Réier | 2 |
Bau | |
Bauzäit | 1998 - 2016 |
Geographie | |
Land | Schwäiz |
Uertschaften | Erstfeld - Bodio |
En ass en Deel vun der sougenannter NEAT, engem ambitiéise Projet, deen et erméigleche soll, den Transit-Camionsverkéier duerch d'Schwäizer Alpen, op d'Schinn ze verleeën. D'Zich kënne maximal bis zu 250 km/h fueren, effektiv sollen d'Persounenzich awer mat 200 km/h fueren, d'Gidderzich nëmme mat 100 km/h.
En huet ronn 12,2 Milliarde Schwäizer Frang kascht (11 Milliarden Euro zum Cours vum Juni 2016).
Bauhär ass d'Schwäizer Eisebunn, via hir Filial AlpTransit.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.