H-I (Rakéit)
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'H-I war eng japanesch Drorakéit. Si baséiert op der japanescher N-II, déi eng a Lizenz gebauten amerikanesch Delta-Rakéit war. Wéi d'N-II, bestoung d'H-I aus enger Thor-Ënnerstuf mat 6 oder 9 Castor II Boosteren, awer am Verglach zu der N-II vill méi grousser Uewerstuf. Ugedriwwe gouf dës Stuf vun engem vollstänneg a Japan entwéckelten LE-5-Dreifwierk. All Starte vun den 139 t schwéiere Rakéite waren erfollegräich, awer wéinst hirem héije Präis konnt ni eng kommerziell Notzlaascht transportéiert ginn. Fir GTO-Missioune konnt d'H-I mat enger drëtter Feststoffstuf gestart ginn. Hiren éischte Start war den 13. Mäerz 1986 (Uertszäit), dee leschte Start war den 11. Februar 1992.
![Thumb image](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/0/05/H-I.svg/200px-H-I.svg.png)