Haus vun der Natur
Naturschutzzenter a fréiere Bauerenhaff op der Kockelscheier / From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Haus vun der Natur, de fréiere Kräizhaff, och nach Schnappshaff[1], ass e Naturschutzzenter op der Kockelscheier, um Terrain vun der Gemeng Réiser.
![]() |
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Haus vun der Natur op der Kockelscheier. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Haus vun der Natur (Homonymie). |
Séier Fakten Typ, Land ...
D'Haus vun der Natur (Juni 2007) | |
Typ |
geographeschen Objet, Organisatioun |
---|---|
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Réiser |
Plaz | Kockelscheier |
Adress | 5, Route de Luxembourg |
Koordinaten |
49° 33’ 45.11’’ N 06° 06’ 28.01’’ O |
Proprietär | Lëtzebuerg |
Statut | Zousazinventaire vun de klasséierte Monumenter |
![]() |
Zoumaachen
D'Haus an d'Terrainen déi dozou gehéieren, sinn am Besëtz vun der Stad Lëtzebuerg.
D'Haus gouf 1994, no dem Ëmbau an der kompletter Renovéierung vum fréieren Haff der deemoleger A.s.b.l. "D'Haus vun der Natur" (haut natur&ëmwelt) zur Verfügung gestallt.
Zanter dem Juli 2012 gëtt d'Haus, an deem eng Rëtsch Naturschutzorganisatiounen hire Sëtz hunn, vun natur&ëmwelt geréiert.
D'Haus vun der Natur war deen éischten Naturschutzzenter zu Lëtzebuerg.