Jacques Insermini

franséische Motorradcoureur, Schauspiller a Cascadeur From Wikipedia, the free encyclopedia

Remove ads

De Jacques "Jacky"[1] Insermini, gebuer de 24. Oktober 1927 zu Paräis[2] an och do gestuerwen de 6. Juni 2024[3], war e franséische Motorradcoureur[4] a Cascadeur[5]. An den 1970er Jore war hien aktiv als Schauspiller, gréisstendeels an Erotik- a Pornofilmer[6].

Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Séier Fakten Gebuertsnumm, Pseudonym ...

Vun 1951 bis 1962 gouf hien als aktive Participant an de professionelle Motorradcourssen a Frankräich bekannt. Den Insermini war en ettlechmol franséische Landesmeeschter am Kader vun der Norton-Ekipp[7], hie war awer keemol e Champion op internationalem Niveau[2].

Um Enn vun den 1960er Joren huet de Jacques Insermini seng Karriär als Schauspiller ugefaangen. Seng éischt Experienz ware kleng Rollen am Theater[1] an an Tëlees- a B-Filmer[6]. Zanter den 1970er gouf hien als Pornofilm-Schauspiller bekannt, a war a méi wéi 15 Pornoen opgetrueden. Seng Aliassen als Pornoacteur waren ënner anerem Bruno Kohls, Jacques Inzermini, Jacques Laviec[8]. Bis 1985 huet hien och a "Mainstream"-Filmer (gréisstendeels) mat eroteschem Subtext geschafft[6].

Den Insermini hat siwe Joer laang e Verhältnes mat der Continental-Circus-Motorradpilotin Nanou[9],[10].

Remove ads

Palmarès

  • 1960
    • franséische Landesmeeschter (350cc, 500cc)[11]
  • 1961
    • franséische Landesmeeschter (500cc)[12]
  • 1962
    • franséische Landesmeeschter (350cc, 500cc)[13]

Filmographie (Auswiel, ouni X-Filmer)

  • 1967: Ne fais pas ça Isabella (Tëleesfilm)
  • 1973: Le dingue
  • 1975: Yumurcak Belalı Tatil
  • 1977: Marche pas sur mes lacets
  • 1985: Le feu sous la peau

Um Spaweck

Referenzen

  1. Archive copy Archivéiert de 14.05.2018. Gekuckt de 14.05.2018.
  2. Mick Walker. The Manx Norton - S. 114 - Redline Books, 2006 - ISBN 0-9544357-9-6
  3. Kuckt, no Joer: 1951, 1952, 1953, 1954, 1957, 1958, 1959, 1960, 1961, 1962
  4. Archive copy Archivéiert de 05.08.2017. Gekuckt de 15.08.2018.
Remove ads
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads