Johann Gottfried Köhler
däitschen Astronom / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Johann Gottfried Köhler, gebuer de 15. Dezember 1745 zu Gauernitz bei Dresden, a gestuerwen den 19. September 1800[1] zu Dresden, war en däitschen Astronom.
Johann Gottfried Köhler | |
---|---|
Gebuer |
15. Dezember 1745 Gauernitz |
Gestuerwen |
19. September 1801 Dresden |
Nationalitéit | Däitschland |
Aktivitéit | Astronom |
De Köhler war vu 1771 bis 1776 Sekretär vun der Leipziger Ökonomische Sozietät. 1776 gouf hien Inspektor vun de Vereenegten Dresdner Sammlungen, vun der Konschtkummer a vum Mathematesche Salon. Doduerch gouf hien Astronom an hat vill Observatioune gemaach, déi hien an der Zäitschrëft „Monatliche Correspondenz“ vum Franz Xaver von Zach publizéiert hat.
Hien hat d'Galaxië Messier 59, Messier 60 an de Stärekoup Messier 67 entdeckt.[2]
Op säi Virschlag hin huet de Johann Elert Bode d'Uranussymbol agefouert. [3]
Als Grënnungsjoer fir den Zäitdéngscht am Mathematesch-Physikalesche Salon gëllt d'Joer 1783.[4] Nom Doud vum Uewerinspekter Johann Ernst Zeiher am Joer 1784 gouf keen neien Uewerinspekter ernannt a faktesch huet de Köhler dann déi Aufgaben iwwerholl.[5]
De Köhler war um éischten europäeschen Astronomekongress am Joer 1798 zu Gotha derbäi.