Joseph Sax
lëtzebuergeschen Ingenieur From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
De Joseph Sax, gebuer de 25. Abrëll 1869 am Pafendall, an och do gestuerwen den 2. Februar 1947[1], war e lëtzebuergeschen Ingenieur[2].
Hien huet op der Technescher Héichschoul zu Oochen studéiert an ass dono, 1902, bei d'Stad Lëtzebuerg schaffe gaangen. Do gouf hie geschwënn duerno Direkter vum Gas- a Waasserwierk. Hien huet sech dofir engagéiert, e Kanalisatiounsnetz fir d'Stad auszebauen. 1936 goung en a Pensioun.[3]
De Joseph Sax war de Brudder vum Jean-Baptiste (Batty) Sax.
Remove ads
Wierk
- Joseph Sax: "Genèse de l'urbanisme de la ville de Luxembourg" in:Revue technique luxembourgeoise, November/Dezember 1937.
Éierungen
Chevalier vum Ordre de la couronne de chêne (Promotioun 1923)[4]
- An der Stad Lëtzebuerg gouf eng Strooss um Lampertsbierg, d'Avenue Joseph-Sax, no him genannt.[3]
Referenzen
- Doudesannonce vum Joseph Sax am Luxemburger Wort vum 4. Februar 1947
- "D'Industrië vun der Famill Sax-Bodson," op industrie.lu
- "Was bedeuten die Straßennamen der Stadt?" in: ons stad Nr 64, juillet 2000, S. 29.
- Memorial N°4 vun 1923. Gekuckt de 27 8 2020.
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads