Pafendall

ee vun de 24 offizielle Quartiere vun der Stad Lëtzebuerg From Wikipedia, the free encyclopedia

Pafendall
Remove ads

De Pafendall ass ee vun de 24 offizielle Quartiere vun der Stad Lëtzebuerg.

Séier Fakten Aussprooch, An anere Sproochen ...
Remove ads

Geographie

De Pafendall läit an der Ënnerstad, am Uelzechtdall, tëscht de Quartieren Eech a Weimeschkierch am Norden a Clausen am Süden. Ëstlech dervu läit de Kierchbierg a westlech de Stadgronn, d'Uewerstad an de Lampertsbierg. De Quartier Pafendall besteet aus dem Pafendall selwer an aus dem Sichenhaff am Norden.

Op all Säit vun der Uelzecht steet eng gutt erhale Paart vun der Vaubans-Festung: lénks d'Eecher Paart (Porte d'Eich) a riets d'Sichepaart (Porte des Bons-Malades). Béid Paarte sinn iwwer de Béinche matenee verbonnen. Aner Repère sinn d'Rout Bréck, den neie Panorama-Lift, den Arrêt Pafendall-Kierchbierg mam Funiculaire, de Siège vum Sang a Klang an den Oekozenter.

De Pafendall huet eng Fläch vun 37,52 ha a läit op enger Héicht tëscht 238,9 an 293,0 m.

Remove ads

Geschicht

Schonn zu Réimerzäiten war am Pafendall eng Bréck iwwer d'Uelzecht, iwwer déi d'Strooss vu Reims op Arel a weider op Tréier gefouert huet[1]. Iwwerreschter vun der Réimerbréck si bei Niddregwaasser an der Uelzecht no bei der haiteger Bréck (rue du Pont) vis-à-vis vun der Pafendaller Kierch ze gesinn[2].

Den 30. Mee 1976 owes gouf et am Pafendall eng schwéier Explosioun an e grousst Feier. D'Ursaach war Bensinn, deen zu Zéisseng vum Chauffer vun enger Transportfirma iertemlecherweis an d'Kanalisatioun lafe gelooss gouf, an där d'Gase méi spéit duerch Fonke vun engem Killaggregat explodéiert sinn[3]. Den Ausgangspunkt vun der Explosioun war Beim Béinchen, an deen Deel vum Pafendall war komplett an e Koup gefall. Et goufen dräi Doudeger a 17 Schwéierblesséiert dovun 2 Pompjeeën. 45 Leit déi keen Daach méi iwwer dem Kapp haten, goufen an der Jugendherberg opgeholl. Eng Plack an der rue du Pont erënnert un d'Accident.

D'Pafendaller Kierch

Nodeem d'Pafendaller Kierch hir Dieren 1847 opgemaach hat, goufen de Pafendall an de Sichenhaff vun der Par Sankt Méchel lassgeléist an als eege Par etabléiert[4].

D'Kierch ass no dem Zweete Weltkrich bekannt ginn, well den deemolege Paschtouer Jean-Pierre Ries a säi Koschter Hary Wiesen mat Hëllef vun der Thérèse Strauss ënner Liewensgefor sechs Lëtzebuerger Zwangsrekrutéiert am Kierchtuerm verstoppt haten, Lëtzebuerger, déi net an enger preisescher Uniform kämpfe wollten. Et waren dat de Vic Fischbach, de René Schiltz (Brudder vum Aloyse Schiltz), de Gaston Kerger, den Nicolas Schaefers, den Emile Schaefers an de Lucien Kraus[5].

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Kierch Pafendall.

Remove ads

Awunner

Op den 31. Dezember 2024 hunn am Pafendall 1.343 Leit gewunnt; den Undeel vun de Lëtzebuerger louch bei 38,79 %, géintiwwer 61,21 % Auslänner[6].

Méi Informatiounen Rang, Nationalitéit ...

Fliederchersdag

Den drëtte Sonndeg no Ouschtere gëtt um Sichenhaff de Fliederchersdag gefeiert. Den Interesseveräi vum Pafendall-Sichenhaff, deen d'Feier organiséiert, verdeelt deen Dag virdrun, um Samschdeg, no enger Mass an der Kapell um Kierfecht, Eeërfliedercher un d'Leit[7].

Kuckeswäertes

Remove ads

Veräiner

  • De Gesangsveräin Sang & Klang Pafendall.
  • De Foussballklub FC Red-Black Pfaffenthal deen um Stade Gaston-Diderich seng Heemspiller gespillt huet gouf 1909 gegrënnt, an huet 2007 mam FC Egalité Weimerskirch zum FC Red-Black/Egalité Pfaffenthal fusionéiert.

Bekannt Leit aus dem Pafendall

Remove ads

Filmer iwwer de Pafendall

  • 1947: 100 Joer Porfeier 1947. De Film gouf vun der Firma Photo-Hall Bertogne realiséiert. En ass am CNA zu Diddeleng archivéiert.
  • 1982: 125 Joer Sang a Klang. De 45-Minutte-laange Film ass vum Amateur-Cinéaste Henri Eltter. Et geet ëm d'Veräinsgeschicht, mä och ëm d'Pafendaller Festungs- a Lokalgeschicht. En ass am CNA zu Diddeleng archivéiert.
  • 1991: Le pont rouge vum Geneviève Mersch. Am Film geet et ëm d'Reaktioun vun de betraffene Pafendaller Awunner op alles wat vun der Rouder Bréck an de Pafendall erof gefall ass, inklusiv d'Mënschen déi d'Flemm mam Liewen haten, dat bis datt 1993 e Schutzgelänner installéiert war.
  • 2001: D'Stopp an der Pafendaller Kiirch 1943-1944. De Film gouf am Joer 2001 vum René Schiltz am Optrag vun den Enrôlés de force realiséiert. Am Film geet et ëm déi sechs Refractairen déi am Zweete Weltkrich ënner dem Daach an der Pafendaller Kierch verstoppt waren. En ass am Besëtz vum CNA. All d'Acteure ware Member vum Sang a Klang Pafendall.[9]
Remove ads

Literatur

Kuckt och

Billergalerien

Remove ads

Um Spaweck

 Commons: Pafendall – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

  1. Service des sites et monuments, 2005. L'héritage culturel Vauban à Luxembourg.
  2. Websäit vum Interesseveräin Pafendall-Sichenhaff, cf. ënner L'histoire en bref.
  3. René Clesse, ons stad 13, 1983.
  4. J.-C. Loutsch 1982.
  5. René Schiltz, 1982.
  6. F.T. (Fernand Theato): Fliederchesdag um Sichenhaff. Luxemburger Wort vum 27. Abrëll 2012, S. 26.
  7. Guy Krier 1982
  8. Fir déi 4 Filmer iwwer de Pafendall, cf. Société chorale royale grand-ducale Sang & Klang Pafendall 1857-2007, S. 87-88.
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads