Josy Braun
lëtzebuergesche Journalist a Schrëftsteller / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Josy Braun, gebuer de 14. Januar 1938 zu Lëtzebuerg an do gestuerwen den 3. August 2012[1],[2], war e lëtzebuergesche, Journalist a Schrëftsteller.
Josy Braun | |
---|---|
Pseudonym | de fiischen, cactus, -cactus-, j.b., jb, Jeff, JoB, Monni Jéis, Nekel |
Gebuer |
14. Januar 1938 Lëtzebuerg |
Gestuerwen |
4. August 2012 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Schrëftsteller, Iwwersetzer, Journalist, Gewerkschaftler, Dichter |
Member vun | Conseil fir d'Lëtzebuerger Sprooch, Association luxembourgeoise des journalistes, Lëtzebuerger Schrëftstellerverband |
Famill | |
Bestuet mat | Josée Klincker |
No der Primärschoul zu Biwer huet e seng Humanités gréco-latines an der Belsch, an der École apostolique vu Clairefontaine gemaach. Duerno Diktioun an Art dramatique zu Lëtzebuerg. Vun 1960 bis 1972 war hie Gewerkschaftssekretär [watereng Gewerkschaft], a vun 1972 bis 1991 Journalist. Duerno huet hien als fräie Schrëftsteller geschafft.
De Josy Braun huet Prosa, Lyrik, Theater, Cabaret, Radio-Spiller, Kannertheater a Kannerbicher op Lëtzebuergesch an och op Däitsch geschriwwen. En Deel vu senge Wierker goufen op Däitsch, Franséisch, Englesch, Italieenesch, Portugisesch a Russesch iwwersat.
De Josy Braun war:
- Member vum Conseil permanent de la langue luxembourgeoise
- Member vum Institut grand-ducal, Section arts et lettres
- Matgrënner vum Lëtzebuerger Schrëftstellerverband
- Grënner vun de Beetebuerger Amis de la Scène
- Grënner vun de Cabarets-Ensembelen Huwwelbänk, Bëschzeck a Cabaret J.B., (spéider Cabarenert)
- Member a verschiddene Komissioune fir Schoulbicher op Lëtzebuergesch.
Hie gouf e puermol am Kader vum Nationale Literaturconcours ausgezeechent, a krut d'Sëlwerplackett vun der Actioun Lëtzebuergesch.