From Wikipedia, the free encyclopedia
De Journal officiel de l'Union européenne (JOEU) (fr); Amtsblatt der Europäischen Union (ABl.) (de), souwéi säin Numm-Equivalent an den 22 aneren offizielle Sprooche vun der Europäescher Unioun, ass dat offiziellt Publikatiounsorgan fir d'Europäesch Unioun (EU). E kënnt wiertes op d'mannst eng Kéier am Dag eraus, an dat an alle 24 EU-Sproochen. E Gesetzestext vun der EU gëlt als verbindlech esou, wéi en, a wann en, am OJEU publizéiert ass.[1]
Éischt Ausgab | 30. Dezember 1952 |
---|---|
Land | Europäesch Unioun |
Sujeten | Europäesch Unioun |
Editiounshaus | Office des publications de l'Union européenne |
Websäit | https://eur-lex.europa.eu/oj/direct-access.html |
Editeur ass den Office des publications de l'Union européenne.
Déi éischt Nummer koum den 30. Dezember 1952 als Journal officiel de la Communauté européenne de charbon et d'acier eraus, gouf dann, mam Asetze vun den Europësche Gemeinschaften zum Journal officiel des Communautés européennes, fir dann, mam A-Kraaft-Triede vum Traîté vun Nice, den 1. Februar 2003, säin aktuellen Titel ze kréien.[2]
Zanter 1998 kënnt de Journal officiel och online, via d'Datebak EUR-Lex eraus. Zanter dem 1. Juli 2013 hu just nach déi elektronesch publizéiert Editiounen valeur légale,déi pabeiers Versioune si just Kopien dovun.[3] All Editioun gëtt als e Saz Dokumenter am PDF/A-Format erausginn (eng pro Sproochversioun) plus eng als XML-Dokument, déi d'Koherenz vun deem Ganze mat Hëllef vun Hashen an enger digitaler Ënnerschrëft an engem elektroneschen Zäitstempel garantéiert. [4]
De Journal officiel besteet aus dräi Serien:[5]
Portal EU – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'Europäesch Unioun. |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.