kathoulesch Kapell From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Kapell am Heischtergronn ass eng kathoulesch Kapell, déi zur Par Öewersauer Saint-Pirmin, zum Dekanat Norden an zu der Gemeng Esch-Sauer gehéiert.
| ||||
---|---|---|---|---|
D'Kapell aus dem Heischtergronn | ||||
Uertschaft / Plaz | Heischtergronn | |||
Par | Öewersauer Saint-Pirmin | |||
Dekanat | Norden | |||
Numm / Patréiner | Hl. Kunigunde | |||
Baujoer | 1853 | |||
Koordinaten | 49° 54’ 17.7’’ N 5° 57’ 42.4’’ O | |||
Kierchen - Kapellen |
D'Patréinesch ass d'helleg Kunigunde där hiert Fest den 13. Juli gefeiert gëtt.
Se steet am Kierchewee, dee vun der N12 an den Heischtergronn féiert.
Bis de 7. Mee 2017 war d'Kapell aus dem Heischtergronn eng Kapell vun der Par Heischent. Zur fréierer Par Heischent huet ausser der Kapell aus dem Heischtergronn och nach d'Parkierch vun Heischent an d'Kapell zu Mëtscheed gehéiert.
D'Kapell ass an de Joren 1848 - 1852 gebaut ginn.
D'Kapell am Heischtergronn ass en aachteckege Bau. Si ass am neo-gotesche Stil gebaut. An der Ardenneschluecht 1944/45 war d'Kapell staark beschiedegt ginn. 1949 gouf se erëm zum Deel reparéiert. Gréisser Reparature goufen an de Joren 1962 bis 1964 gemaach.
Am Joer 1991 gouf d'Kapell als National-Monument klasséiert.[1] Duerno ass si da komplett vu baussen a vu banne restauréiert ginn.
D'Fënstere sinn am Ufank vum 20. Joerhonnert am Atelier Linster zu Munneref gemaach ginn. Op jiddwer Fënster ass en Hellegen ze gesinn.
D'Klack aus der Kapell klëngt am Toun la.
Si ass 0,35 m héich an huet en Duerchmiesser vun 0,41 m.Op der Klack ass e Bild vun der Tréischterin am Leed, an et steet dorop geschriwwen "Faitte par Hemery", de Rescht vun der Inscriptioun ass ewechgefeilt.
Zanter 1987 organiséieren d'Frënn vun der Heischtergrënner Kapell all Joer am Juli d'Celsus-Feier an der Kapell. Bei där Geleeënheet gi Päerd, Trakteren, Autoen a Vëloe bei der Kapell vum zoustännege Paschtouer geseent.[2]
Commons: Kapell Heischtergronn – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.