Kinnek (Schach)
Schachfigur / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Kinnek, Unicode: ♔ ♚, ass déi wichtegst Figur beim Schachspill, well et d'Zil vum Spill ass, de géigneresche Kinnek matt ze setzen - woumat d'Partie direkt ophält. Matt setzen heescht, de géigneresche Kinnek mat enger (oder méi) Figur(en) ze bedreeën, ouni datt d'Menace ofgewiert ka ginn duerch Ewechzéie vum Kinnek op en onmenacéierte Feld, duerch d'Schloe vun der ugräifender Figur oder duerch d'Dotëschentzéie vun enger Figur. Als besonneschen, allerdéngs net ganz verbreete Geste, datt e verluer huet oder opgëtt, kann een den eegene Kinnek um Schachbriet ëmgeheie respektiv ëmleeën.
Dëse Schachartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Méi Informatiounen Schachfiguren ...
Zoumaachen
Jiddwer Partei huet ee Kinnek. An der Grondstellung steet de wäisse Kinnek um Feld e1 an de schwaarzen op e8.