Auteur vun laténgesche Schrëften From Wikipedia, the free encyclopedia
De Konrad vu Megenberg, gebuer 1309 zu Mäbenberg an der Gemeng Georgensgmünd bei Nürnberg, a gestuerwen de 14. Mäerz 1374 zu Regensburg, war en Auteur vun 22 laténgesche Schrëften, déi hagiographesch, theologesch, moralphilosophesch an naturwëssenschaftlech Theeme behandelen.
Konrad vu Megenberg | |
---|---|
Gebuer |
2. Februar 1309 Georgensgmünd |
Gestuerwen |
11. Abrëll 1374 Regensburg |
Nationalitéit | Däitschland |
Educatioun | Universitéit vu Paräis |
Aktivitéit | Schrëftsteller, Entomolog, Meteorolog |
De Konrad vu Megenberg gouf als Jong vun engem Ministerialen, engem keeserlech Beamte gebuer an ass am Alter vu siwe Joer als Schüler op Erfurt gaangen. Spéider huet en do Nohëllefsstonne ginn an huet sech sou säi Brout verdéngt. E krut eng Plaz als Lecteur, déi et him erméiglecht huet, fir op Paräis studéieren ze goen an do säi Magistergrad ze maachen. Vun 1334 bis 1342 huet en op der Sorbonne Course ginn.[1]
Wéinst akadeemesche Streidereien huet e Paris verlooss an en huet d'Plaz vum Rekter vun der Stephansschoul zu Wien ugeholl. Aus där Schoul gouf 1365 d'Wiener Universitéit. Seng däitsch Wierker hat hie méiglecherweis fir d'Stephansschoul oder fir Membere vum Wiener Haff geschriwwen.[1]
De Konrad von Megenberg ass am Joer 1348 op Regensburg geplënnert. Do gouf hien 1359 Paschtouer am Doum Sankt Ulrich vun Niedermünster (Regensburg). Véier Joer drop huet en dat opginn an en huet bis zu sengem Doud am Joer 1374 als Doumhär weider zu Regensburg gelieft. Säi Graf ass an der Doumparkierch Niedermünster.[1]
Porrum haizt ain pforr oder lauch, aber daz êrst däutsch ist nâch der latein genomen. der pforr ist haiz und trucken und erweckt und pringt auch die poesen fäuht in den leib, diu colera haizt. der veltpforr ist hitziger wan der haimisch. er beswaert daz haupt und pringt poes träum in dem slâf und laidigt die zend und daz zantflaisch. welhez tier den pfarren izzet, ez sei rint oder schâf, des flaisch smeckt zemâl nâch dem pfarren, und izt ain rint pfarren, sein milch smeckt dar nâch ze dem minsten zwên tag. der pforr ist dem magen schad und plaet und laet sich niht gern kochen in dem magen, und dar umb, sô man in ezzen wil, sô muoz man in sieden in zwain wazzern. er pringt daz harmwazzer und der frawen haimleichait und pringt unkäusch und allermaist sein sâm, wie daz sei, daz er den nieren schad und der plâtern.
GOT beschuof den menschen an dem sehsten tag nâch andern crêatûren und hât in beschaffen alsô, daz seins we-ens stük und seins leibes gelider sint gesetzet nâch dem satz der ganzen werlt, wan in dem menschen ist vernunft als in dem engel und kain ander crêatûr hât vernunft ân den engel und den menschen, und dar umb ist kain tier gelernich mit rehter kunst als der mensch ist. auch wegt diu sêl des menschen leib von stat ze stat recht als der himelweger tuot den himel. mit dem geleicht der mensch dem himel. auch als diu sunn ze mittelst stêt under andern planêten, dar umb, daz si irn schein gestrewen müg auf die andern stern über sich und under sich, alsô stêt des menschen herz ze mittrist in dem leib, dar umb, daz ez andern glidern craft gesenden müg. auch nimt der mensch sein narunge mit ezzen und mit trinken und wechst auf und ab.
Dem Konrad vu Megenberg seng politesch Schrëften Planctus ecclesiae in Germaniam, Oeconomia an Tractatus de translatione imperii weisen datt hien an de Streidereien tëscht dem Ludwig dem Bayer an dem Poopst Johannes XXII. eng neutral Roll spille wollt.
Seng theologesch Schrëft Lacrimae ecclesiae dréit sech géint d'Heeschenuerden an ass méiglecherweis identesch mat dem Tractatus contra mendicantes ad papam Urbanum V. Vis-à-vis vun de Franziskaner um Haff vum Ludwig huet de Konrad eng negativ Haltung ugeholl, an huet geleeëntlech e satireschen Tounfall ugeschloen. E konnt besonnesch de Wilhelm von Ockham net ausstoen, dee sech déi Zäit um Ludwig sengem Haff opgehalen huet.
Vum Konrad von Megenberg stamen och e puer bedeitend kiercherechtlech Schrëften wéi den Tractatus de arboris consanguinitatis et affinitatis, de Repertorium nuptiale, deStatuta et consuetudines capituli ecclesiae Ratisbonensis, an den Tractatus de limitibus pariochialibus in Ratisbona.
Säi Speculum felicitatis, vun deem nëmmen d'Kapiteliwwerschrëften erhale sinn, war éischter moraltheologesch ausgeriicht.
Seng däitsch Wierker dréinen ëm naturwëssenschaftlech Theemen a goufen ausdrécklech fir Laie geschriwwen.
Am Joer 1349 huet de Konrad vu Megenberg d'Causa terre motus geschriwwen, e Buch iwwer d'Zesummenhäng tëscht Erdbiewen a Peschtepidemien.
Seng Deutsche Sphära ass eng Iwwersetzung vum Johannes von Sacrobosco (zirka 1200–1256) sengem Wierk Sphaera mundi, dat am Mëttelalter d'Standard-Léierbuch vun der Astronomie war.
An de Joren 1348 bis 1350 huet en d'Buch der Natur (oder: Buch von den natürlichen Dingen) geschriwwen, dat allgemeng als dat „éischt systematescht däitschsproochecht Kompendium vum Wëssen iwwer déi geschaf Natur“ ugesi gëtt. Als Quell huet de Konrad virun allem dem Thomas vu Cantimpré säi Liber de natura rerum geholl.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.