lëtzebuergesch Gratisdageszeitung From Wikipedia, the free encyclopedia
L'essentiel ass eng lëtzebuergesch Gratisdageszeitung a franséischer Sprooch, déi zanter dem 10. Oktober 2007 un a Verdeelerkëschte läit. Si gëtt vum Verlag EDITA SA vun Déifferdeng erausginn, enger Duechtergesllschaft vun Editpress an der Schwäizer Tamedia.
Am Verwaltungsrot vun Edita sëtzen de Pietro Supino, de Martin Kall an de Marcel Kohler vun Tamedia an d'Danièle Fonck, den Alvin Sold an de Paul Hammelmann vun der Editpress.
Direkter ass den Emmanuel Fleig, an de Chefredakter ass de Said Kerrou (Denis Berche bis de Juli 2019), an de Responsabele vun der Distributioun ass d'Annick Charlier (Luc Melsen bis den 31. Dezember 2018). L'essentiel hat am Juni 2008 eng Oplo vu 82.000 Exemplairen, a läit mueres um 6 Auer a ronn 400 Verdeelerkëschten uechter d'Land. Am Joer 2014 louch d'Oplo bei ronn 107.700 Exemplairen, enger Verdeelung vun 102.500 Exemplairen an dat op méi 1200 Distributiounsplazen. Och a munnechen RGTR-Busse si méi kleng Busverdeelerkëschten. Doriwwer eraus gëtt et och Banneverdeelunge vun der Gratiszeitung a grousse Betriber, wéi Banken. De Verlag liwwert d'Zeitunge bis bei d'Receptioun, déi sech dann ëm d'Verdeele këmmert.
D'Zeitung ass op "de breede Public" ausgeriicht mat Horoskop a Rubricke wéi Luxembourg, Monde, Webpage, Sports a People.
Nieft der Pabeiereditioun gëtt et och L'Essentiel online a franséischer an daïtscher Sprooch an de L'essentiel Radio a franséischer Sprooch.
Zuel vun de verdeelten Exemplairen, wéi se vum Centre d'information des médias vu Bréissel confirméiert gouf:
Der TNS-ILRES Plurimedia Etude 2017.I no hunn tëscht Februar 2016 a Februar 2017 (mat Ausnam vun der Summervakanz) an der Moyenne all Dag 130.000 Leit iwwer 15 Joer den Essentiel gelies (27,1 % vun der Wunnbevëlkerung).[3]
Commons: L'essentiel – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.