From Wikipedia, the free encyclopedia
E Labyrinth ass e System vu Weeër, dee sou ugeluecht ass, datt dës anenee verwurrelt sinn. Et gëtt zwou Zorte Labyrinthen, déi, wou et just ee Wee eran an eraus gëtt, an déi, wou et Ofzweigungen a Sakgaasse gëtt, sou datt een dee richtege Wee siche muss. Am leschte Fall schwätzt een och vun engem Iergaart.
D'Wuert Labyrinth kënnt vum griichesche λαβύρινθος a vum Laténgesche labyrinthus. D'genee Bedeitung ass net kloer, mä et bezitt sech op de mythologesche Galeriësystem vum Daidalos, deen doran de Minotauros agespaart hat. Mä schonn aus der Steenzäit sinn Zeechnunge vu Labyrinthen erhalen, an et gëtt der a ville Kulturen an Zivilisatiounen.
Si hate meeschtens eng mystesch oder reliéis Symbolik. Am Chrëschtentum, dat s'iwwerholl huet, fënnt een se z. B. a Kathedralen um Buedem. Eréischt an der Neizäit goufen d'Labyrinthen ugeluecht, fir Spaass dran ze hunn, z. B. an de Gäert, wou s'ë. a. mat Hecke gebaut goufen.
Neierdéngs si Labyrinther populär, déi a Plantatioune vu grousse Planzen, wéi z. B. Mais, ugeluecht sinn.
Commons: Labyrinths – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.