Steenzäit
From Wikipedia, the free encyclopedia
Steenzäit gëtt déi längst Period vun der Geschicht vun der Mënschheet genannt, ier Metaller fir Gebrauchszwecker geformt a benotzt goufen.
Virgeschicht | |||
Holozen | (➚ Fréigeschicht) | ||
Eisenzäit | |||
Spéit Bronzezäit | |||
Mëttel Bronzezäit | |||
Fréi Bronzezäit | |||
Bronzezäit | |||
Koffersteenzäit | |||
Jongsteenzäit | |||
Mëttelsteenzäit Epipaleolithikum | |||
Pleistozen | Jonkpaleolithikum | ||
Mëttelpaleolithikum | |||
Alpaleolithikum | |||
Alsteenzäit | |||
Steenzäit |

De Begrëff geet op den Dräiperiodesystem zeréck, dee vum dänesche Paleontolog Christian Jürgensen Thomsen an aneren zanter 1830 propagéiert gouf. An dësem System ginn d'Ur- oder Virgeschicht an d'Steenzäit, d'Bronzezäit an d'Eisenzäit ënneragedeelt. D'Steenzäit selwer gëtt agedeelt a Paleolithikum (Alsteenzäit), Mesolithikum (Mëttelsteenzäit) an Neolithikum (Jongsteenzäit).
Dës Andeelung an dräi Periode bezitt sech virun allem op Europa an Deeler vu Westasien an Nordafrika.
Paleolithikum, Alsteenzäit oder Fréisteenzäit
D'Al- oder Fréisteenzäit huet an Europa vu ronn 2.500.000 bis 8.000 v. Chr. gedauert (ongeféier bis d'Enn vun der leschter Äiszäit) an ëmfaasst domat dee gréissten Deel vun der Mënschheetsgeschicht.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Alsteenzäit.
Mesolithikum oder Mëttelsteenzäit
Mëttelsteenzäit gëtt déi Epoch genannt, déi nom Enn vun der Alsteenzäit ufänkt (also ongeféier vun 8.000 v. Chr. un) a bis un den Ufank vun der Jongsteenzäit dauert. Se fänkt awer a verschiddene Géigenden zu verschiddenen Zäitpunkten un.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Mëttelsteenzäit.
Neolithikum, Nei- oder Jongsteenzäit

Den Ufank vun der Jongsteenzäit gëtt haut do ugesat, wou d'Mënschen net méi just vun deem gelieft hunn, wat se fonnt, resp. gejot hunn, mä bewosst produzéiert hunn, virun allem, wat hiert Iessen ubelaangt, d. h. s'ugefaangen hunn, Akerbau a Véizuucht ze bedreiwen.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Jongsteenzäit.
Um Spaweck
Commons: Stone Age – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.