Liège-Bastogne-Liège
From Wikipedia, the free encyclopedia
Liège-Bastogne-Liège ass eng Vëloscourse, déi an der Belsch vu Léck op Baaschtnech, an zeréck gefuer gëtt, ausser an de Joren 1894 an 1972, wou d'Course zu Spa, repektiv zu Verviers ukomm ass. Déi éischt Course gouf 1892 gefuer. Domat ass et déi eelst Course op der Lëscht vun de groussen Epreuven.
Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Vun 1950 bis 1964 gouf och e Week-end ardennais ausgedroen. Et huet sech dobäi ëm e kombinéiert Klassement vun de Coursse Liège-Bastogne-Liège a Flèche wallonne gehandelt.
De Marcel Ernzer huet den 9. Mee 1954 Liège-Bastogne-Liège gewonnen. De 26. Abrëll 2009 gouf d'Course vum Andy Schleck gewonnen. 2018 war de Bob Jungels deen drëtte Lëtzebuerger dee säin Numm op de Palmarès gesat huet.
Zanter 2005 gehéiert Liège-Bastogne-Liège zum UCI ProTour.
Bekannt Koppen, déi bal all Joer um Programm stinn, sinn d'Côte de Saint-Roch, d'Côte de Wanne, d'Côte de Stockeu, d'Haute Levée, d'Redoute, d'Roche aux Faucons a just virun der Arrivée de Stouss vu Saint-Nicolas.