Gebai zu Miersch From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Linden-Haus zu Miersch ass en herrschaftlecht Haus an der Rue de Colmar-Berg zu Miersch. Am Haaptgebai ass hautedaags eng Dependance vum Kadaster, an deem niewendrun eng Antenn vun der Police grand-ducale.
Land | Lëtzebuerg |
---|---|
Gemeng | Miersch |
Plaz | Miersch |
Statut | Klasséiert Monument |
D'Härenhaus staamt aus de fréien 1820er Joren a gouf vun engem gewësse Scheer baue gelooss, deen do eng Poststatioun mat enger Auberge bedriwwen huet.[1] De Scheer, dee Staatsbeamte war, huet säi Commerce no nëmmen zwéi Joer missen opginn, well säin Handel net kompatibel mat senger Staatsplaz war. D'Wiertschaft ass awer weiderhin op bliwwen, eng Zäit laang ënner dem Numm « Hôtel de l'Espérance ».
Se hat duerno verschidde Proprietären, bis de Prosper Linden, e Geschäftsmann an Industriellen, d'Gebaier 1904 kaaft huet an eng privat industriell Molkerei dran installéiert huet. No sengem Doud am Joer 1940 huet seng Wittfra d'Geschäft nach e puer Joer virugefouert, ier et um Enn vun den 1940er Jore fir zerguttst zougemaach gouf.
An den 1970er Joren huet de Staat d'Gebai kaaft a méi spéit sinn déi zwou uewe genannt Verwaltungen do erageplënnert.
Am Haff vum Gebai steet e bemierkenswäerte Päerdskäschtebam (Aesculus hippocastanum), deen zu de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg gehéiert.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Käschtebam zu Miersch.
D'Linden-Haus gouf den 10. Februar 1978 op d'Lëscht vum Zousazinventaire, an de 6. Dezember 2023 als national Kulturierfschaft klasséiert.[2]
Commons: Maison Linden, Mersch – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.