Little Richard
From Wikipedia, the free encyclopedia
De Little Richard, gebuer de 5. Dezember 1932 zu Macon, am Bundesstaat Georgia, als Richard Wayne Penniman a gestuerwen den 9. Mee 2020 zu Los Angeles war en US-amerikanesche Rock-'n'-Roll-Sänger, -Pianist a -Songwriter.
Little Richard | |
---|---|
Gebuertsnumm | Richard Wayne Penniman |
Gebuer |
5. Dezember 1932 Macon |
Gestuerwen |
9. Mee 2020 Nashville |
Doudesursaach | Schankekriibs |
Nationalitéit | USA |
Aktivitéit | Sänger, Pianist, Lidderschreiwer, Priister, Discographesche Kënschtler, Komponist, Museker |
An der Mëtt vun den 1950er Joren huet hie bei der Plackefirma Specialty Records Stilelementer aus Blues, Gospel a Rhythm and Blues ënner dem neien Numm "Rock 'n' Roll" matenee kombinéiert an an de Mainstream eriwwerbruecht. Nodeems e 6 Hitten uewen an de Rhythm-and-Blues-Charts hat, wou virun allem schwaarz Interpreten ze fanne waren, huet hie mat Hitte wéi Long Tall Sally, Ready Teddy, Rip It Up, Good Golly Miss Molly, Jenny Jenny, The Girl Can't Help It oder Tutti Frutti (mam legendären Ausruff A Wop bop aloo bop a lop bam boom!) den Duerchbroch an de genre-onofhängegen amerikanesche Popmusek-Maart gepackt. Säi séiert a kraaftvollt Pianosspill, säin haarden, iwwerdréite Gesank a seng energiegeluede Concerte waren eng Inspiratioun fir vill Museker no him.
Enn 1950er, uganks 1960er Joren huet hie sech eng Zäit zeréckgezunn, fir reliéis Inspiratioun ze fannen, an huet och als Priedeger geschafft. No engem Comeback an den 1960er Joren huet hie seng Musek méi an Direktioun Soul a Funk virunentwéckelt. Seng Bünenoptrëtter goufen iwwerdeems ëmmer méi extravagant.
Zanter den 1980er Joren ass hie just nach sporadesch opgetrueden, an den 1990er an 2000er Joren z. B. nach zesumme mam Jerry Lee Lewis a mam Chuck Berry, als "Lieweg Legende vum Rock 'n' Roll".
Wéinst senger Pionéierroll fir d'Verbreede vum Rock 'n' Roll gouf de Little Richard schonn 1986 als ee vun deenen éischte Museker an d'Rock and Roll Hall of Fame opgeholl.
Hien huet och an deem engen oder anere Film oder där enger oder anerer Tëleesserie matgespillt, dacks a Form vu Cameo-Optrëtter.