Lëscht vun de Fësch zu Lëtzebuerg
Wikimedia-Lëschtenartikel / From Wikipedia, the free encyclopedia
An dëser Lëscht vun de Fësch zu Lëtzebuerg sinn all Fëschaarten opgezielt déi bis elo zu Lëtzebuerg gesinn oder gefaange goufen, sief et datt s'am Land natierlech virkommen (z. B. d'Baachfrell), oder datt se hei agefouert an ausgesat goufen (z. B. d'Reeboufrell).
Aus praktesche Grënn goufen och d'Néngaen (Petromyzontidae), déi keng Fësch sinn, an d'Lëscht opgeholl.[1]
D'Aartelëscht, an och déi lëtzebuergesch Nimm, baséieren op der Lëscht vum H.J. Troschel, déi 2010 am Buch Fische in Luxemburg vun der Administration de la gestion de l'eau publizéiert goufen.
D'Fësch déi zu Lëtzebuerg heemesch sinn, si mat engem Stärchen (*) markéiert.