Lëscht vun de Maarken op der belsch-lëtzebuergescher Grenz
From Wikipedia, the free encyclopedia
An dëser Lëscht vun de Maarken op der belsch-lëtzebuergescher Grenz, déi en Deel vun de Referenztabellen ass, sinn d'Grenzmaarken opgelëscht, déi et op der ronn 148 km laanger Grenz déi Lëtzebuerg mat der Belsch huet[1], gëtt. Vum Dräilännereck bei Rodange bis op d'Schmëdd bei Huldang, der deemoleger Grenz mam Kinnekräich Preisen, stinn d'Gossemaarken. Laanscht déi fréier preisesch-lëtzebuergesch Grenz, tëscht der Schmëdd an dem Dräilännereck bei Léiler, sti Maarken am Hasteen.