Marie Muller
lëtzebuergesch Judoka / From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Marie Muller, gebuer den 29. Juli 1985 zu Filderstadt bei Stuttgart, ass eng fréier lëtzebuergesch Judoka an duebel Olympionickin.
Séier Fakten Gebuer, Nationalitéit ...
Marie Muller | |
---|---|
Gebuer |
29. Juli 1985 Filderstadt |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Judoka |
Gréisst | 163 Zentimeter |
Gewiicht | 53 kg |
Famill | |
Papp | Charles Muller |
Zoumaachen
Si huet lëtzebuergesch-däitschen Originnen: hir Mamm ass Däitsch iwwerdeems hire Papp, de fréiere Fechter a fréieren Direkter vum Escher Theater, Charles Muller, Lëtzebuerger ass.
2008, 2010 an 2012 war si Lëtzebuerger Sportlerin vum Joer. 2016 huet si wéinst Blessure mat hirer Sportscarrière opgehalen.[1]
Den 28. September 2012 huet si sech zu Esslingen mat hirem Trainer Ralf Heiler bestuet.[2]